Méiglecherweis DoudesafferZu Buggenhout an der Belsch krut en Zuch e Schoulbus ze paken

RTL Lëtzebuerg
Géint 8:15 Auer en Dënschdeg de Moien ass et zu Buggenhout am flamänneschen Deel vun der Belsch zu engem uergen Accident komm.
Rettungsekippen op der Plaz vum Accident.
Rettungsekippen op der Plaz vum Accident.
© DIRK WAEM/Belga via AFP

Wéi den belsche Mobilitéitsminister Jean-Luc Crucke RTL géigeniwwer sot, wiere beim Accident zwee Schüler an zwee Erwuessener ëm d'Liewe komm. Vun der Police oder de Secouristen gouf et nach keng offiziell Confirmatioun.

En Zuch krut hei e Schoulbus ze paken. Éischten Informatiounen no wieren d'Barrièren den Ament vum Accident ënnen an d'Rout Luuchten u gewiescht. Dat mellt d'Zeitung "De Standaard" a berifft sech dobäi op de Bedreiwer vum belsche Schinnennetz "Infrabel". Siwe Kanner an zwee Erwuessener sollen am Bus gewiescht sinn.

De Passage op deem et zum Accident koum, läit ee Kilometer virun der Gare vu Buggenhout. Den Zuch, dee vu Brügge aus an Direktioun Buggenhout ënnerwee war, wier schonn amgaange gewiescht ofzebremsen, wéi et zum Accident komm ass. Ma den Impakt wier engem Vertrieder vun "Infrabel" no awer enorm gewiescht.

Wéi et vum "Standaard" heescht, wieren eng Partie Leit am Bus blesséiert ginn. Vun offizieller Säit géif et ausserdeem heeschen, dass et méiglecherweis Doudesaffer gouf. Och d'Noriichteplattform HLN schreift, dass Leit beim Accident gestuerwe wieren, nennt awer keng weider Detailer. Am Zuch wier et kee Blesséiert ginn.

Et wier e kommunale Katastropheplang declenchéiert ginn. D'Secouriste sinn op der Plaz an den Zuchverkéier ass bis op Weideres suspendéiert.

Back to Top
CIM LOGO