
E Méindeg huet ee Mann missen aus der Musel gerett ginn. De Mann war reaniméiert ginn, éier hien an d'Spidol bruecht gouf. Do ass hien an der Nuecht op en Dënschdeg allerdéngs gestuerwen, confirméiert d'Police eis op Nofro.
De Mann wier aus ongekläerte Grënn vun enger Bréck zu Gréiwemaacher an d'Waasser gesprongen a wier do am Waasser gedriwwen. Hie konnt nach vun den Taucher vum CGDIS gebuerge ginn, ma hien hätt seng Blessuren awer wéi gesot net iwwerlieft. Et geet ee vun engem Accident aus, esou nach d'Police. Friemawierkung kéint à ce stade ausgeschloss ginn.
Zeien haten RTL géintiwwer vun engem gréisseren Asaz geschwat mat e puer Policepatrullen op der Lëtzebuerger an enger op der däitscher Säit, a Secouristen.