
a lande bei der SS, Nazien an dem Holocaust. Et muss een e laangen Otem hunn fir dëst Buch ze liesen, dat 1200 Säiten huet!
Mir kréien et hei mat zwee Bridder, dem Koja an dem Hub aus Lettland ze dinn, déi Ufank vum 20. Jorhonnert an eng al aristokratesch däitsch-baltesch Famill gebuer ginn. Deen een ass Theologie-Student an deen aneren Architekt, wéi si sech der regionaler SS-Division uschléissen an duerno an enger décker Carrière an Nazidäitschland landen.
AUDIO: Das kalte BlutMir léiere virun allem de Koja besser kennen, et ass och aus deem senger Perspektiv an där d’Geschicht erzielt gëtt. Besser gesot en Hippie, wéi en am Buch genannt gëtt, dee mam Koja am Spidol läit, muss dës Geschicht erdroen, well dee se onbedéngt um Enn vu sengem Liewe wëll lass ginn. Well wéi wann dat mat Nazidäitschland net schonns uerg genuch gewiescht wier, dréint eise Protagonist sech wéi e Fändelchen am Wand a leeft zu de Kommunisten iwwer, oder zum BND, dem Bundesnachrichtendienst, bei d’CIA oder och nach Mossad, op alle Fall op déi Plaz, wou de Koja déi meeschten Avantagen hat. Dass hien doduerch onschëlleg an och alt schëlleg Leit huet missten ëmbréngen, hëlt hie mat a Kaf. Hien hätt keng aner Wiel gehat, och wéi hie bei enger Massenexekutioun opgefuerdert gouf selwer ze schéissen.
3. grousse Personnage am Buch ass d’Ev d’Adoptivschwëster vun deenen zwee, déi ënnert anerem als Doktesch zu Auschwitz schafft an probéiert Mënschen ze retten. Ma den Hub an de Koja bestueden noeneen dës Fra, di déi genee de Contrepart zu hinnen ass. Representéieren di 2 Bridder dach dat wierklecht Béist, sou steet d’Ev fir d’Onschold a probéiert dat Gutt am Liewen ëmmer nees sichen ze goen. Ech resuméieren Iech d’Geschicht net, dat geet och guer net an deene puer Minutten. Den Auteur hat dach e grousse Verschléiss u Figuren an seng Geschicht ass aus immens vill historesche Faiten, fiktive Geschichten an och Komplotter vu Geheimdéngschter an engem Drama gestréckt.
10 Joer hätt de Chris Kraus fir dëse Roman recherchéiert, ma a knapp 9 Méint dunn dat ganzt Buch geschriwwen. Verschidde Literaturkritiker zéien Paralellen zum Buch “Die Wohlgesinnten” vum Jonathan Littell, dat virun 11 Joer erauskoum, och do si mir am zweete Weltkrich a beim Holocaust. A wéi de Chris Kraus stellt och deen Auteur déi grouss Froen nom Gudden a Béisen am Mënsch an de Mëttelpunkt.
Den Tempo vun ''Das kalte Blut’’ ass immens séier, sou dass net vill Zäit a Plaz bliwwen ass fir eng Figur oder e Fait méi ze explizéieren. Et mierkt een um Stil wéi dëst Buch geschriwwen ass, dass de Chris Kraus aus der Filmbranche kënnt. Et ass den zweete Roman fir den däitsche Filmregisseur mat villen Dialoger an Erklärunge wéi an engem Dréibuch. E bëssi méi Gefillswelt vum Koja hätt ech mir gewënscht. Mä bon, vläit war dat och genee d’Intentioun vu Chris Kraus d’Buch sou ze halen. Et heescht jo net fir näischt ''Das kalte Blut’’.
D’Buch ass bei Diogenes erauskomm an et wier wierklech derwäert ze liesen, wann et dem Marie Gales nogeet. Eng ideal Vakanzelecture wier et op alle Fall, virun allem eng gutt laang.