Dajee!!!De Fanzine vun de Frënn vun der 9. Konscht geet an déi drëtt Ronn

Gerard Floener
Dëse Weekend ass zu Conter nees de grousse BD Festival, an deem Kontext kënnt deen drëtten Dajee!!! eraus.
Cover vum drëtten Dajee!! Fanzine
© Frënn vun der 9. Konscht

De Radio Reportage iwwert dës nei Publicatioun

Ee Fanzine ass eng Zäitschrëft déi vu Fans publizéiert gëtt. Dat huet an den 1970er Joren ugefaangen, wéi Fans vun amerikanesche Comics hir Passioun fir d'éischt iwwert dee Wee mat anere Fans gedeelt hunn. Deemools gouf et och schonn esou ee Comic Fanzine zu Lëtzebuerg, vun deem et zwee Hefter gouf. An un déi Iddi knäppen och d'Frënn vun der 9. Konscht mat "Dajee!!!" un.

D'Frënn vun der 9. Konscht ass eng Associatioun, déi sech d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Comics- a BDzeen op de Fändel geschriwwen huet. A mat där drëtter Zäitschrëft weise si, wéi vill sech mëttlerweil hei am Land gedoen huet. Et ginn Auteuren, déi ee scho méi laang kennt, mä et kommen och ëmmer méi nei Auteuren op, déi awer keng richteg Méiglechkeet hunn, a Kontakt mat hirem Publikum ze kommen. An do spréngt "Dajee!!!" an. A verschiddene Formater kënnen d'Auteuren an Zeechner hei hir Aarbechte weisen. An nieft den eigentleche BDen, ginn et och Artikelen, déi am Kontext vun der Bande Dessinée hir eege Geschichten erzielen.

An dësem Heft ass et zum Beispill de Lucien Czuga deen erzielt, wéi hien eng Kéier de Chauffeur vum André Franquin (dem kreative Kapp hannert dem Marsupilami oder dem Gaston Lagaffe) war, wéi deen an den 80er Joren eng Kéier zu Lëtzebuerg war. Oder een Artikel deen d'Aarbecht vum Andy Bausch mol eng Kéier op eng ganz aner Manéier weist. De bekannte Lëtzebuerger Realisateur zeechent als Preparatioun fir seng Filmer nämlech Storyboards, déi ganz no un enger BD dru sinn. An d'Lieser ginn och gewuer, wéi eng Illustratioun ewéi d'Titelbild vun dësem neie Magazin iwwerhaapt entsteet.

D'Lëtzebuerger Comiczeen ass immens lieweg an entwéckelt sech an engem Stéck weider. Dat gëtt och mat der Aarbecht vun de Frënn vun der 9. Konscht ënnerstëtzt. A mat dësem Fanzine huet een eng flott Geleeënheet, dat ze entdecken an ze suivéieren. Dajee!!! kascht 15 Euro a feiert seng Première de Weekend vum 18. an 19. Juli um BD Festival zu Conter. Duerno kann een d'Heft awer och direkt vum Site vun de Frënn vun der 9. Konscht bestellen.

Back to Top
CIM LOGO