Podcast RTL BicherLiesAm "Kräizverhéier": de Krimi-Auteur a Prix-Laurence-Laureat Romain Haas

Bea Kneip
Jérôme Jaminet
"Kee Gefuddels!" D'Personnagen am Romain Haas sengem Krimi "Jagd durch Luxemburg" musse sech bei hirer Schatzsich u streng Reegelen halen.
© Foto Romain Haas: Jérôme Jaminet

De Millionär Charles Cannes hannerléisst senger Famill e Verméige vun 100 Milliounen Euro. Mä d'Saach huet en Hoken: Fir ierwen ze kënnen, musse si sech un enger Schatzsich bedeelegen, déi si duerch ganz Lëtzebuerg féiere wäert. Séier gëtt kloer, dass dës "Juegd duerch Lëtzebuerg" net ganz ongeféierlech ass...

De Romain Haas, 26 Joer jonk, leet mat "Jagd durch Luxemburg" säin éischte Krimi vir, ganz an der Traditioun vu sengen Idoler Agatha Christie an Arthur Conan Doyle, dofir awer adaptéiert fir d'21. Joerhonnert an déif verwuerzelt an der Kultur vun eisem Land. An dass de Kölner Emons Verlag säin Debutwierk erausbruecht huet, beweist, dass dat och am Ausland gutt ukënnt.

Wéi et dozou komm ass a wéi hie säi spannende Krimi opgebaut huet, dat verréit de Romain Haas den RTL-BicherLieser Bea Kneip a Jérôme Jaminet am Interview.

De Romain Haas am "Kräizverhéier"

© RTL/Grafik

Back to Top
CIM LOGO