
De Christof Weigold gouf 1966 zu Mannheim gebuer an huet Theaterstécker geschriwwen, bis hien tëscht 1996 a 99 festen Auteur bei der Harald Schmidt Show war. Zanter 2000 schreift hien Dréibicher fir Film an Tele. “Der Mann, der nicht mitspielt” ass dem Weigold säin éischte Roman. Dësen “historesche Krimi” soll den Ufank vun enger Rei Bicher sinn, an deenen den Detektiv Hardy Engel sech mat de gréisste Skandalen an ongekläerte Mordfäll vum fréien Hollywood beschäftegt. D’Manon Bercker huet e gelies.
De Christof Weigold gouf 1966 zu Mannheim gebuer an huet Theaterstécker geschriwwen, bis hien tëscht 1996 a 99 festen Auteur bei der Harald Schmidt Show war. Zanter 2000 schreift hien Dréibicher fir Film an Tëlee. “Der Mann, der nicht mitspielt” ass dem Weigold säin éischte Roman. Dësen “historesche Krimi” soll den Ufank vun enger Rei Bicher sinn, an deenen den Detektiv Hardy Engel sech mat de gréisste Skandalen an ongekläerte Mordfäll vum fréien Hollywood beschäftegt. D’Manon Bercker huet e gelies.
Amerika, 1921: d’Zäit vun der Prohibitioun an dem Puritanismus. Mir sinn zu Hollywood; zanter gutt 10 Joer ginn hei Filmer gedréit, an d’Geschäft boomt.
Mattendran den Hardy Engel, e jonke Mann mat däitsche Wuerzelen, dee scho su munches a sengem Liewe probéiert huet, a sech elo als Detektiv etabléiere wëll. Säin éischte groussen Optrag kritt hie vun de Bossen vun deenen zwou wichtegste Filmproduktiounsfirmen: den Hardy soll den Doud vun
enger jonker Filmschauspillerin opklären. Verdächtegt gëtt hei de Fatty Arbuckle, dee gréisste Komiker, deen Hollywood zu där Zäit huet,
deen, dee fir säi Studio Millioune mécht, méi bekannt wéi de Buster Keaton, Harold Lloyd a souguer Charlie Chaplin.
Mä am Laf vu sengen Ermëttlungen kommen dem Hardy ferm Zweiwel, op hie wierklech bezuelt gëtt, fir d’Wourecht eraus ze fannen. Vill wichteg Leit
hu ganz verschidden Intressen, wat bei där Enquête eraus komme soll. A si scheie weder Manipulatioun, nach Erpressung oder souguer Mord, fir zu hirem
ze kommen. Awer den Hardy wëll sech net kafe loosse, vu kenger Partei, zu kengem Präis. A well hie sech net gëtt, munch wichtege Leit widder d’Been ze pissen, ass et kee Wonner, dass et iergendwann och fir hie selwer ufänkt, ganz geféierlech ze ginn...
The Roaring Twenties zu Hollywood, de Schéine Schäin, d’Muecht vum Geld, Schauspiller, déi ënnerginn an Drogen, Orgien, Dekadenz,... a wann een dobäi säi Liewe léisst,well, who cares?? Just no bausse muss alles propper ausgesinn. Dofir goufe souguer Zensore engagéiert, mächteg Männer, déi iwwer all Skandal séier e Mäntelchen tesselen, an hannert de Kulisse genau sou korrupt sinn, wéi déi, déi si kontrolléiere solle. D’Wourecht intresséiert kee Mënsch, an och der Press ass et bei wäitem méi wichteg, Sensatiounsnoriichte ze verkafen, wéi eppes opzedecken, wat engem vun hire Geldgeber schuede kéint. An d’Police ass genau sou liicht ze kafe, a kee stéiert sech drun. Just den Hardy Engel spillt net mat...
Op iwwer 600 spannende Säite weist de Christof Weigold eis hei, dass déi aktuell Diskussioune iwwer Muechtmëssbrauch a Korruptioun net nei sinn. Fake News a metoo si keng Erfindunge vun haut, an déi „gutt al Zäit“ war oft wäit vu gutt ewech; eng pakend Lektür iwwer d’Dramfabrik, déi Loscht mécht op dem Hardy Engel säi nächste Fall
“Der Mann der nicht mitspielt” vum Christof Weigold ass am Verlag Kiepenheuer & Witsch eraus komm