Ronn 3.450 – souvill Awunner huet d‘Gemeng Biissen an der Mëtt vum Land. Eng kleng Gemeng, ma mat enger grousser Futtball-Sensatioun.
Et ass Geschicht geschriwwen ginn. Nach ni ass en Opsteiger aus der Éierepromotioun an déi éischt Liga vum Futtball direkt an hirer éischter Saison Champion ginn. Bis e leschte Samschden... Een Duerf am Ausnamezoustand.
Ronn 70 Leit hunn um a ronderëm den Terrain matgehollef, fir dass alles geklappt huet. An och d'Supporter vum Géigner hunn d'Organisatioun um Klengbousbierg gelueft. Ronn 3.200 Spectateuren waren herno um Terrain a konnte live mat erliewen, wéi Biissen et, fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball, als Opsteiger un d'Spëtzt vun der BGL Ligue gepackt huet.
An domadder geet et dann och fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an d’Qualifikatiounsronn vun der Uefa Champions League.