
Obwuel Gerechtegkeet an deem hei Fall éischter eng subjektiv Ofschätzung ass. Eng attraktiv Fra mat rouden Hoer, déi och um Cover vum Buch “Die Gerechte” vum Peter Swanson duergestallt ass, mécht engem Mann, dee se grad kennegeléiert huet, eng onmoralesch Offer. Wéi dat Ganzt sech zum Plange vum perfekte Mord entwéckelt, doriwwer erzielt eis d’Katarina Ivesic eppes.
“Die Gerechte” fänkt op engem Londoner Fluchhafen un, wou den Ted Severson, mat e puer Martinien d’Zäit doutschléit, bis dass e säi Réckfluch op Boston kann huelen. Bemol setzt sech eng attraktiv, friem Fra mat rouden Hoer, d’Lily, nieft en. Well den Ted si net kennt, vertraut en hir kuerzerhand un, dass seng Fra eppes mat engem aneren huet an dass hie se am léifste géif ëmbréngen.
Den Ted staunt net schlecht, wou déi attraktiv Fra him seet, dass se em vollkomme Recht gëtt. Mee domatten ass et net gedoen: Si bitt him hir Hëllef un, fir seng Fra ëmzebréngen.
An domatte gëtt d‘Geschicht lancéiert. Wat am Ufank eigentlech vum Ted éischter als Witz geduecht war, entwéckelt sech zu batterem Eescht.
Bei hire Pläng vum perfekte Mord leeft allerdéngs net alles glat an et sinn d’Iwwerraschungen, déi an der Theorie net esou geplangt waren, déi herno fir d’Spannung suergen.
D’Geschicht ass souzesoen awer och en Hommage un dem Patricia Highsmith säin Thriller, “Strangers on a Train”, deen an de 50er Joer vum Hitchcock verfilmt gi war. Den Auteur weist dat och mat oppenen Allusiounen op d’Patricia Highsmith. Obwuel d’Geschicht zwar anescht ass, wéi déi am “Strangers on a Train”, bleift den Esprit vun der aler Geschicht awer erhalen: engem absolut Friemen, deen ee scheinbar einfach esou kenneléiert, ass et mat engem Mord, deen een eigentlech net am Eescht vir hat duerchzezéien, bemol méi eescht wéi engem selwer.
Erzielt gëtt d’Geschicht aus e puer Siichtweisen an an all Kapitel befënnt ee sech am Kapp vun engem anere Protagonist. An engem éischten Deel vum Buch spréngt den Auteur vum Ted senger Siichtweis op déi vum Lily. Mä de Peter Swanson spréngt och net nëmmen an de Siichtweisen, mä och an den Zäiten. Bal befënnt ee sech am Elo, bal gëtt een zréckgehäit an d’Vergaangenheet vum Lily, wou een dann och erausfënnt, wéi hat zu deem Mënsch ginn ass, deen et ass.
Mä d’Geschicht beschränkt sech net nëmmen op déi zwee, mä spréngt an engem zweeten Deel op de Point de vue vum Ted senger Fra, dem Miranda, an dem Commissaire Kimball, woubäi d’Lily sech trotzdem awer als Haaptpersonnage duerchsetzt.
D’Handlung vum Buch follegt net dem Spannungsbou vun engem typeschen Thriller. En éischten Deel zitt sech éischter e bëssen an et kann een et leie loossen ouni dass ee sech vill Gedanke mécht, wéi et weidergeet. Wann een awer bis iwwert d’Halschent eraus ass, entwéckelt sech d’Handlung an eng aner Richtung an et kennt zu enger, éischter méi krasser Wendung, déi een esou net huet gesi kommen.
D’Beschreiwunge vun de Charaktere bleiwen awer leider e bësse flaach an iwwerflächlech. Béid Geschlechter befanne sech och plazeweis an éischter typeschen, biblesche Clichéen. D’Frae si manipulativ an d’Männer alt nëmmen eppes wéi verléifte Schof, déi sech net nëmmen iwwerriede loossen eppes ze maachen, mä herno dovun iwwerzeegt sinn, dass se dat selwer esou wollten.
Den Thriller ass allerdéngs schwéier ze beschreiwen, ouni dass een ze vill verréit, an e lieft eigentlech vu sengen ongewéinleche Wendungen. Et rengt ee mat sech, wann een e liest, hätt ee gär en Enn, wou den Täter dat kritt, wat e verdéngt oder hätt ee léiwer gär eppes Onmoralesches? Wat dat ugeet, muss ee sech net wierklech decidéieren, well d’Enn op eng clever Aart a Weis oppe bleift.