Wéinst geplangtem GeneralstreikLuxair warnt viru méiglechen Ausfäll vu Flich aus an a Portugal

RTL Lëtzebuerg
Virun allem Flich op Lissabon a Porto kënne vun engem geplangte Generalstreik a Portugal betraff sinn.
© ZED JAMESON/Anadolu via AFP

Wéinst dem geplangte Generalstreik a Portugal den 3. Juni kéint et zu Ausfäll a Retarde vu Vollen tëscht Lëtzebuerg a Portugal kommen. Et kéinten esouwuel Volle vu Lëtzebuerg an Direktioun Portugal ewéi och vu Portugal op Lëtzebuerg betraff sinn.

Wéi d'Luxair an engem Communiqué e Mëttwoch de Mëtteg schreift, kéint et vun nächstem Mëttwoch un zu Problemer am portugisesche Loftraum kommen. Virun allem Lissabon a Porto wieren dovu betraff.

All déi betraffe Clienten géifen natierlech am Fall vu Changementer kontraktéiert ginn an d'Luxair kommunizéiert och nach eemol Ufank nächster Woch, wa bis dohin nei Informatiounen disponibel sinn.

De Communiqué vun der Luxair

Back to Top
CIM LOGO