
Op Wisen a Felder, am Bësch, an der Stad, beim Mier oder an de Bierger: Vigel sinn iwwerall doheem, mä dacks iwwersinn an iwwerhéiere mer se einfach. Op d’Journalistin Johanna Romberg trëfft dat allerdéngs net zou: si beschäftegt sech schonn zënter hirer Kandheet mat Spatzen, Dauwe, Märelen a Co. an huet elo e Buch doriwwer geschriwwen, mam Titel: “Federnlesen”. D’Bea Kneip stellt Iech et vir.
Op Wisen a Felder, am Bësch, an der Stad, beim Mier oder an de Bierger: Vigel sinn iwwerall doheem, mä dacks iwwersinn an iwwerhéiere mer se einfach. Op d’Journalistin Johanna Romberg trëfft dat allerdéngs net zou: si beschäftegt sech schonn zënter hirer Kandheet mat Spatzen, Dauwe, Märelen a Co. an huet elo e Buch doriwwer geschriwwen, mam Titel: “Federnlesen”. D’Bea Kneip stellt Iech et vir.
“Was fliegt denn da?” sou huet dat klengt Bichelche geheescht dat d’Johanna Romberg 1964, mat grad emol 6 Joer, vun hiren Eltere geschenkt krut. Mat am Päckelche louch eng Spektiv fir Kanner, an domat war dat klengt Johanna equipéiert fir Villercher z’entdecken an ze bestëmmen. Et war den Ufank vun enger regelrechter Passioun, déi d’Journalistin déi zënter 1987 fir d’Magazin Geo schreift,net méi lassloosse sollt. Och haut nach geet si ni ouni Spektiv aus dem Haus. Villercher erkennt een awer net just un hirem Ausgesinn, mä och un hirer Stëmm, och dat Wëssen huet d’Johanna Romberg sech iwwer 5 Jorzéngten ugëeegent.
An 12 Kapitelen deelt si hir Passioun, awer och hir Suergen mam Lieser. Well de Villercher ronderëm eis geet et net gutt.
Ich habe kein besonders gutes Gedächtnis für Zahlen, aber eine habe ich mir doch gemerkt: 421 Millionen. So viele Vögel sind in den vergangenen 30 Jahren aus Europas Wäldern, Feldfluren, Dörfern, Städten, Küstengebieten und Flusslandschaften verschwunden. Das hat eine Langzeitstudie mehrerer europäischer Vogelschutzorganisationen ergeben, die auf den Daten Tausender systematischer Beobachtungen und Zählungen beruht. 421 Millionen: Das heisst, dass wir seit 1985 ein Drittel aller Vögel unseres Kontinents verloren haben.
Dat ass déi traureg Wouerecht déi een net ignoréiere kann, och wa “Federnlesen” beileiwe kee pessimistescht oder alarmistescht Buch ass. Et ass villméi eng Libeserklärung un alles wat Plommen huet. Spiechten, déi sech am léifsten an ale Beem ophalen, d’Nuechtigailchen, déi esou schéi sengt, déi imposant Gräifvullen, awer och déi ganz alldeeglech Aarten wéi Spatzen oder Schmuebelen. “Federnlesen” kann een iwwerall. Net nëmmen am Bësch an op der Gewan, mä och an Industriegebitter oder matzen an enger Groussstad. An awer si vill Aarten op e bestëmmte Liewensraum ugewisen, a wann hiert Doheem sech verännert, zum Beispill well et net méi genuch Hecke gëtt,oder net genuch Insekten fir ze friessen, da kréien se et schwéier. Zum Gléck ginn et Leit déi sech engagéieren, fir Leeëndecker (op Däitsch: Mauersegler) gëtt et zu Frankfurt souguer e spezialiséiert Spidol an dem blesséiert Vigel nees opgepäppelt ginn.
Dass et esou vill verschidden Aarte ginn, hat ech mer am Fong ni esou richteg bewosst gemaach. E puer 100 huet d’Johanna Romberg an de läschte 50 Joer konnte beobachten oder op d’mannst héieren. Well och un hire Stëmmen kann een se erëmerkennen, dofir muss een sech awer scho laang an intensiv domat beschäftegen. Den Éiergäiz hunn ech net, mä zënter ech dëst Buch gelies hunn, spären ech Aen an Ouere méi grouss op, wann ech dobausse sinn. Ausserdeem hunn ech ugefaangen, hinne Fudder auszeleeën, an hu mech driwwer gefreet wéi séier et verschwonne war. Am Fong ass et schued, dass mer d’Villercher ronderëm eis meeschtens emol net bekucken, well si sinn alles anescht wéi langweileg. Dat ass de Message den d’Johanna Romberg an hirem Buch wëll eriwwerbréngen, an dat ass hir wuel och gelongen.
“Federnlesen - vom Glück, Vögel zu beobachten” vun der Johanna Romberg ass am Lübbe Verlag erauskomm.