
Virun e puer Joer huet d’Abby Fabiaschi hir gutt Plaz am Technologie Secteur opginn, fir méi Zäit fir hir Kanner ze hunn, ... a fir ze schreiwen. Hiren éischte Roman “Für immer ist die längste Zeit” (am Original “I liked my life”) ass inspiréiert vun eegenen Erfahrungen: an hirer Jugend hat si missen mam Doud vun enger Frëndin eens ginn. Dës Gefiller an Iwwerleeungen fléissen an der Amerikanerin hiert Wierk eran.
Nierwent der Famill an dem Schreiwen, engagéiert d’Abby Fabiaschi sech an enger Non-Profit-Organisation, a si spent 20% vun hirem Verdéngscht fir Fraen a Kanner ze ënnerstëtzen.
D’Maddy, Mêtt 40, sicht eng nei Fra fir hire Mann: am léifsten eng Schouljoffer. Déi si gedëlleg, hu gutt Nerven a si gewinnt, chaotesch Situatiounen ze managen. An d’Maddy brauch sou e Modell, dee sech ëm hire Mann Brady an hir 16jähreg Duechter Eve këmmert, well d’Maddy ass dout!!
Papp a Meedche klappe sech, zanter dass d’Mamm net méi do ass, méi schlecht wéi recht, duerch den Alldag. Si hunn de Buedem ënnert de Féiss verluer, kréie sech net méi positionéiert; d’Maddy war ëmmer hire Mëttelpunkt, si zwee kënne net sou richteg eppes matenee ufänken.
Jiddwereen trauert fir sech, op seng Manéier, a klappt sech mat ongeléiste Froen a Scholdgefiller ronderëm. Firwat ass d’Maddy net méi bei hinnen? Wéi vill Verantwortung droe si als Partner an Duechter drun, dass si lo zu zwee eleng sinn??
Da fënnt de Brady en Tagebuch: dat beäntwert zwar net all Froen, zielt hinnen awer villes, wat si net wossten iwwer d’Maddy, oder verdrängt haten...
An d’Maddy, no hirem Dout, aus enger Zort “Tëschewelt” eraus, gëtt sech drun, de Kontakt mat hire Léiwen net ze verléieren. Si bréngt et fäerdeg, hir Präsenz ze markéieren, a Brady an Eve d’Gefill ze ginn, dass si awer nach net ganz fort ass. A Papp a Meedchen spieren, dass d’Maddy nach bei hinnen ass, héieren hiert Laachen, hir Bemierkungen, a gräifen Iddien op, déi d’Maddy hinne suggeréiert. A mat dëser Ënnerstëtzung entwéckelen si sech weider, jiddweree fir sech, an een op deen aneren zou. Virun allem d’Eve kënnt virun, gëtt erwuessen, a léisst och säi Papp villes méi kloer gesinn. Lues a lues kréie si hiert Liewen nees an de Grëff, an d’Maddy ka sech zréckzéie...
Den onerwaarten Doud vun enger 45jähreger Fra, an d’Trauer vun der Famill, kommen engem jo lo bestëmmt net vir, wéi den idealen Ophänkert fir eng labber lëschteg Geschicht. Mä de positiven Toun, deen duerch d’ganz Buch geet, der Maddy hir Energie, hir Léift an hir originell Iddien loossen ni eng larmoyant oder depressiv Stëmmung opkommen.
D’Maddy zielt aus hirem Liewen, heiansdo enthousiastesch, voll positiv Gefiller, an och mol voll Roserei, awer ni hoffnungslos a verbattert.
An och, dass mir d’Geschicht aus de jeeweilege Perspektiven vun den dräi Haaptprotagonisten gezielt kréien, mécht aus “Für immer und ewig”, oder “I liked my life”, wéi et am Original heescht, e liewegt a spannend Buch.
An och, wann een net esoteresch ugehaucht ass, gefält d’Virstellung, dass d’Maddy, och no hirem Dout, nach sou laang bei hire Léiwe bleift, bis déi hiert Liewe nees am Grëff hunn. E Gedanken, deen tréischte kann.