Buch vun der Woch"Heiße Milch" vum Deborah Levy

RTL Lëtzebuerg
„Heiße Milch“ vum Deborah Levy ass an der däitscher Iwwersetzung am Verlag Kiepenheuer & Witsch erauskomm a gëtt et och als eBook.

D’Sofia, Mëtt zwanzeg, ass mat senger Mamm Rose aus England an de Süde vu Spuenien gereest, fir sech do vum Dr. Gómez behandelen ze loossen. D’Rose leit un enger mysteriéiser Kränkt: Si huet kee Gefill méi an de Féiss, seet se, a kann duerfir net goen. An esou brauch se d’Sofia, hiert Meedchen. De Papp huet d’Famill scho viru Jore verlooss, eppes, wouriwwer d’Rose ni ewechkomm ass.
D’Sofia léisst sech all déi Joren aspanen, huet säin Doktorat ofgebrach, fir no senger Mamm ze kucken, an déi léisst et och zu Almería sprange wéi en Dapp. An ass awer ni zefridden.

Das war nämlich der hauptsächliche Gesichtsausdruck meiner Mutter: leicht verbittert, ein Hauch von Groll, nicht persönlich gegen mich (obwohl es das natürlich auch war), sondern ein unbestimmter Zorn auf die Welt.

Dobäi zweifelt d’Sofia un der Mamm hire Kränkten, well mat Momenter erwëscht et d’Mamm beim Goen:

Das ist das Mysterium der lahmen Beine meiner Mutter. Manchmal gehen sie in die Welt hinaus wie funktionierende Phantombeine.

Den Dr. Gómez – ob elo Quacksalber oder kompetenten a psychologesch verséierte Fachmann, bleift eng oppe Fro – zwéngt d’Sofia, wärend hie sech ëm d‘Mamm këmmert, seng fräi Zäit ze genéissen, méi kéng ze ginn, einfach ze liewen. An esou léiert d’Sofia d’Ingrid Bauer kennen, eng staark Perséinlechkeet, vun där hatt beandrockt ass, an d‘Julieta, dem Dokter Gómez säi Meedchen, dat a sengem Papp senger Klinik schafft.
Duerch seng nei Kontakten an déi nei gewonne fräi Zäit, awer och d’Gespréicher mam Dokter, fänkt d’Sofia un, iwwer sech an d‘Relatioun zu senger Mamm nozedenken:

Meine Mutter hat abgedankt, resigniert, aufgegeben, abgelehnt, verzichtet, geleugnet, in jeder Hinsicht, und sie hat mich mit in den Keller gerissen.

Dem Sofia gëtt kloer, datt et sech vu senger Mamm léise muss – e Prozess, deen allerdéngs och an déi aner Richtung muss goen, well och d’Mamm muss d’Nuebelschnouer wutsche loossen. Alle béid hu se Angscht an Zweifel:

Zielstrebigkeit zwingt den Zielstrebigen, auf einiges zu verzichten, um anderes zu erringen, aber ob sich das lohnt, war mir nicht so recht klar.

D’Buch stécht voller Symboler a Metapheren: Déi stëbsdréche Géigend a Spuenien, d’Sonn, déi ouni Erbaarmen alles verbrennt, déi wäiss Luucht, déi wäiss Klinik mat der Marberkuppel, dem Sofia seng Verletzunge vun de Jelliskäpp – de Medusen. Et gi Spigelen a Schierbelen, eng Vas mat griichesche Motiver flitt an dausend Stécker. An domat och dem Sofia seng Akzeptanz vu senger Roll als Fra an Duechter an der Gesellschaft.
Allerdéngs gëtt een als Lieser och e bëssen hänkegelooss: Net alles schéngt Sënn ze maachen, villes bleift op, gëtt net weiderverfollegt, Weeër, déi e bëssen hott an har verlafen, awer néierewou ukommen. Oder awer dach?
Op alle Fall ass et e Buch, mat deem ee sech laang kann ausernanersetzen, et liest sech gutt a schaaft mat Momenter eng scho bal onheemlech Atmosphär mat senge Beschreiwunge vun Ofhängegkeeten, Fixéierungen op Leit oder Saachen, Haass, Léift. Ma am Kär dréit sech alles ëm en Zitat, dat um Ufank vun der Geschicht, dëser Geschicht steet:

Es liegt an Dir, die alten Kreisläufe zu durchbrechen.

“Heiße Milch” vum Deborah Levy

Back to Top
CIM LOGO