
D’Handlung vum Roman ‘Heute Leben Wir’ vum Emmanuelle Pirotte spillt am Wanter 1944 matzen an der Ardennenoffensiv vun de Nazien, wou zwee SS Zaldoten dat klengt Renée an d’Fangere kréien an eigentlech direkt, wa se gewuer ginn, dass et et Judd ass, wëlles hunn, ze erschéissen. Just an deem Moment, an deem den Zaldot awer wëll ofdrécken, dréint dat Klengt sech ëm a kuckt den Zaldot riicht an d’Aen.
An den Zaldot bréngt et einfach net fäerdeg, dat Klengt ze erschéissen. T’ass nämlech iergend eppes am Meedche sengem Bléck: eng Trotzegkeet, Mutt a Middegkeet vum dauernde Fortlafen.
Fir sech aus der desagreabeler Positioun ze befreien, erschéisst den Zaldot, de Matthias, dofir einfach säi Komerod an hëlt dat klengt Renée mat an de Bësch, wou se sech zesummen an enger Hütt verstoppen. Déi Deeg, déi de Matthias mam klenge Renée verbréngt, veränneren hien. Obwuel hien e schroen ass, deen net vill zéckt, wann drëms geet, een ëmzebréngen, ass e net voll a ganz e Nazi.
Hien huet zwar ëmmer dat gemaach, wat e gesot krut, mä eigentlech gleeft en net richteg un dem Hitler seng Ideologie, e mécht souguer de ganzen Zäiten de Geck domat. Hie weess och, dass de Krich esou gutt ewéi verluer ass an huet och einfach keng Loscht méi op de ganzen Zauber.
Mä anescht ewéi aner Kanner, déi hie bis dohin am Krich begéint huet, huet dat klengt Renée keng Angscht virun ëm, erzielt ëm Geschichten, baut dobausse Schnéimännercher an hëlt e nuets fir ze schlofen an den Aarm. Obwuel en et net wëll zouginn, schmëlzt dem Zaldot d’Häerz an e fänkt un, dat Klengt richteg gär ze hunn. Dat net nëmmen, well et esou ass wéi ass, mä well hie sech selwer an ëm erëm erkennt.
Obwuel d’Renée nëmme 6 oder 7 Joer al ass, et weess säin Alter net ganz genee, ass et erstaunlech erwuessen. Zanter deem et denke kann, kennt et näischt anescht kennt, wéi virun de Nazie fortzelafen. Hat weess net richteg, wien et ass, huet keng Famill a ka sech just drun erënneren, dass et vun enger Bauerefamill, vu Nonnen a vun engem Paschtouer verstoppt gouf. Et géif ee mengen, et wier dofir verängschtegt a schei, mä am Géigendeel. Et weess, wat Saach ass a mécht sech och keng Illusiounen iwwert dat, wat geschitt.
Et ass op jiddefalls eng Geschicht, déi ee matrappt. Zwee Charakteren, déi op den éischte Bléck net méi verschidde kéinte sinn, kommunizéieren an entwéckelen eng Zouneigung fir eneen, déi der Léift vun engem Papp fir säi Meedchen no kënnt. Se hunn einfach e Vertrauen an eng Kommunikatioun, déi et hinnen erlaabt hannert deem anere seng Façade ze kucken.
Obwuel et wahrscheinlech och esou ass, dass de Matthias dat Klengt deelweis aus egoistesche Grënn verschount, nämlech well e vläicht denkt, déi Alliéiert géifen e verschounen, wa se erausfannen, dass en e Judd gerett huet, gesäit hien am Meedche vill méi eng Chance fir sech selwer, fir Erléisung ze sichen.
Déi allwëssend Verzielweis, déi aus dem Renée sengem Kapp dauernd an dem Matthias säi sprengt, erlaabt dem Lieser, ze erkennen, dass een et trotz allem mat zwee Mënschen ze dinn huet, déi no Wäermt sichen.
Alles an allem ass et awer och eng immens spannend Geschicht, well de Matthias zu enger besonnescher Divisioun vun der SS gehéiert, déi sech an der Ardennenoffensiv als Amerikaner hu missten ausginn. Esou sprengt d’Geschicht dann och dauernd tëscht der Zouneigung vun deenen zwee Protagonisten a liewensgeféierlech Situatiounen, well de Matthias an Tëschenzäit virun deenen zwou Säite muss fortlafen.
“Heute Leben Wir” vum Emanuelle Pirotte ass beim S. Fischer Verlag erauskomm.