
D’Mareike Krügel gouf 1977 zu Kiel gebuer. Si huet um Literaturinstitut zu Leipzig studéiert, an zënter 2003 dräi Romaner veröffentlecht. 2003 kruet si den Förderpreis der Stadt Hamburg, an 2006 den Friedrich Hebbel Preis. Hiren neien a véierte Roman „Sieh mich an“ gëtt als eent vun de beschte Bicher 2017 an Däitschland ugekënnegt. Vum 5ten September un ass eng Liesrees mat ‘Sieh mich an’ duerch Däitschland geplangt.
E Freideg zu Lübeck. Mir léieren d’Katharina kennen: si ass Ufank 40, bestuet mam Costas a Mamm vum Alex a vum Helli. Hire Mann gesäit si just d’Weekenter an déi verlafen net onbedéngt ganz harmonesch, well hien no laanger Aarbechtssich just eng Plaz zu Berlin fonnt huet. Si ass total agebonnen an hirem Alldag, schafft stonneweis als Musekpädagogin an enger Crèche an huet doheem net Hänn genuch fir alles op d’Rei ze kréien: well wann den Alex och ‘pflegeleicht’ ass, acaparéiert d’Helli mat sengem ganz ausgeprägten ADHS seng Mamm ronderëm d’Auer.
D’Katharina hat sech hiert Liewe ganz anescht virgestallt: amplaz hiert Musekstudium ofzeschléissen a sech doran ze verwierklechen, dréit si lo am Rad tëscht latzegem Haushaltskrom an den Auswierkunge vum Helli senge Krisen an dat eleng un der Front!!
An dann entdeckt si och nach, dass si net wäert derlaanscht kommen, sech ëm hir Gesondheet ze këmmeren. A mat enger beonrouegender Erkenntnis geet dëse Freideg dann zimlech spektakulär op en Enn…
Wat lo am Resumée no Deprime pur kléngt, ass awer alles anescht wéi e Buch, dat säi Lieser erof zitt. D’Katharina hëlt hire chaoteschen Alldag mat engem gewëssen ‘Augen zu und durch’, enger Portioun Optimismus a genuch Humor fir ni ze soueren oder verbattert eriwwer ze kommen. Si weess, wat si wëll, an och wa si an deem ganzen Zodi meescht als Lescht un d’Rei kënnt, nodeems de Kanner an Noperen hir Boboe gepléischtert sinn, bleift der Katharina nach genuch Energie, sech net selwer verluer ze goen.
D’Mareike Krügel zerwéiert eis an ‘Sieh mich an’ e Bléck op eng Famill, an där net alles ronn leeft, si schneid grav Themen un, presentéiert dës awer mat enger gewësser Liichtegkeet. Mir liewe mat der Ich-Erzielerin, bewonnere, wéi si an deene cocassten Zeenen d’Nerve behält a laachen iwwer hir heiansdo ganz skurril Afäll.
“Sieh mich an” ass e Buch, dat mir richteg gutt gefall huet mat enger flotter Sprooch an enger sympathescher Protagonistin. 250 Säiten, déi beréieren, awer net op déi traureg Aart a Weis.