
Wann ee vun de Niebelungen schwätzt, denkt een jo mol direkt un de Siegfried, den Draach, de Niebelungenschatz, deen iergendanzwousch am Rheintal an enger Hiel verstoppt soll sinn, Kriemhild a Brunhilde déi fir dee selwechte Mann gekämpft hunn, a natierlech d’Niebelungenlied, dat muncheree verflucht huet, dat Joer wou et am Lycée am Däitschen um Programm stoung.
Déi jonk Autorin Judith Merchant huet sech un deem wat se an der Schoul gelies a geléiert huet inspiréiert an ee Roman geschriwwen deen an der Rheinstadt Königswinter an am Siebengebirge spillt. Anne Kaiffer.
D’Drachenhiel kennt een aus dem Niebelungenlied als déi Plaz wou den Siegfried den Drach erschloen huet. An der Judith Merchant hirem Buch „Niebelungenmord“ gëtt awer keen Draach, ma eng Fra an enger vun den Hielen am Siebengebirge fonnt. D’Affär ass fir de jonke Kommissär Jan Seidel a seng Partnerin Elena Vogt, an et gesäit esou aus, wéi wann de Fall ganz einfach ze léise wier. Obwuel d’Affer nach net identifizéiert gouf, sinn déi zwee Polizisten zimlech sécher, datt déi Doudeg, dem Notaire Sippmeyer seng Fra ass, déi op hirem 40egste Gebuertsdag verschwonnen ass, an dat wou zeg Leit mat hir dëse Ronne Gebuertsdag sollte feieren.
Och Verdächteger ginn et der genuch : de Mann selwer, d’Kënschtlerin déi niewendru wunnt a mat där den Här Sippmeyer schonns zanter Joren eng Affär huet an awer kennt et ganz anescht wéi déi zwee Kommissäre geduecht haten – déi Doudeg ass nämlech guer net d’Madame Sippmeyer ma eng onbekannte Fra, déi anscheinend bis well nach vu kengem vermësst gëtt.
Fir de Jan Seidel a seng Ekipp heescht et deemno nees vu fir ufänken … Vu Säit zou Säit schéngt et méi komplizéiert ze ginn. An dann ass do nach dem Kommissär Jan Seidel seng Bomi, déi d’Haushälterin vun der Madame Sippmeyer kennt, an deemno kuerzfristeg décidéiert hirem Enkel eng Hand un ze paken an dat andeems se parallel zou der Police, hir eegen Enquête ufänkt.
Dann ass do awer och nach de Sven Sippmeyer, dem Notaire säi Fils. En gestéierten Teenager, deen sech den Alldag am léifste mat Drogen an Alkohol verschéinert, deen eigentlech och keng Kollegen huet, ausser dem Lara, vun deem hien awer net méi sécher ass, op hatt sech aus Matleed oder Frëndschaft ëm hie këmmert.
Niebelungenmord – net nëmmen am Titel an an der Draachenhiel, och soss verknäppt d’Judith Merchant ëmmer nees Elementer aus der Niebelungen Seechen an hirem Buch. Do ass zum Beispill d’Kënschtlerin Rebecca Schleheck, déi ganz skurril Biller moolt an deenen d’Kriemhild a Brunhilde erbarmungslos ëm de Siegfried kämpfen.
De Rhein an d’Géigend an där se wunnt, inspiréieren d’Judith Merchant fir dat wat se schreift. Dofir spillt hire Roman och net an enger Groussstad, ma zou Königswinter, där Provenzstiedchen an där och si am richtege Liewe wunnt.
Besonnesch gutt gefall huet mir de Fait, datt dem Kommissär Seidel seng Bomi net als Super-Poliziste-Bomi do steet, ma ëmmer nees mat hirem Alter an hirer Gesondheet geplot ass.
Ongewinnt fir ee Krimi ass deen, datt een hei net mat de gewinnten Detailer vun der Police Aarbecht – Autopsie an Labo zum Beispill – konfrontéiert gëtt. Hei gëtt een ëmmer just d’Resultater gewuer an dat geet eigentlech och duer.
D’Handlung kéint vläicht e bëssi méi spannend gedréint sinn, dofir kritt de Lieser awer méi a Saache propper Sprooch an schéin Tournuren gebueden – eppes anescht hätt een och bei enger Däitsch Dozent net erwaart.
Vill Opreegungen deemno an der Klengstad Königswinter an am Siebengebirge, der Heemecht vum Siegfried an dem Niebelungenlied. Mord, Klatsch an Tratsch, Friemgoen, Jalousie an ee falscht Bild vun der richteger Léift – mat dëse Stéchwierder kéint een „Niebelungenmord“ an e puer Wuert resuméieren. Flott ass och, datt déi Motiver aus der Niebelungeseechen, déi d’Judith Merchant riets a lénks abaut, eigentlech méi zäitgenösseg wéi ee vläicht kéint mengen. Net ze vergiessen, dam Jan Seidel seng Bomi, déi, inspiréiert vun deene ville Krimi’en déi se selwer gelies huet, décidéiert Miss Marple ze spillen an hirem Enkel eng Hand upeekt.
Ënnert dem Stréch ass „Niebeklungenmord“ en zolitten, liicht erzielte Krimi, deen een op jidderfall ka mat an d’Vakanz huelen.