
De britesch – amerikaneschen Auteur Lee Child an säin Haaptpersonnage den Jack Reacher sinn souzesoen en „Winning Team“. Kompromëss a Matleed sinn zwee Wieder déi dem Jack Reacher sou ze soe friem sinn. Als Vermëttler kennt hie keng Gnod a besonnesch wa Männer sech u Frae vergräifen, gesäit hie méi wéi rout. „Way Out“ ass dem Ex-Militärpolizist säin 10te Fall zanter hien d’US-Army verlooss huet.
Den Jack Reacher ass sou ze soen en „Lonely Wolf“ deen et néirens hält. E fest doheem huet den fréieren Army Zaldot keent. Zanter datt hien d’US Army verlooss huet, wëllt den Jack Reacher net méi ugestréckt sinn, weder un eng Persoun, nach un eng Plaz. Op mam Bus, mam Zuch oder ze Fouss – den Jack Reacher bleift seele méi wéi 24 Stonnen op enger Plaz, respektiv an enger Stad. Säin doheem ass am Fong de ganzen Territoire vun den USA.
Obwuel den Jack Reacher d’Arméi schonns viru 7 Joer verlooss huet an deels d’Liewe vun engem Strummert féiert, huet hie sech selwer e puer Reegelen imposéiert un déi e sech normalerweis hält. An „Way Out brécht hien awer eng vu senge Reegelen, an dat huet dann och Konsequenzen.
De Reacher drénkt fir säi Liewe gäre Kaffi. Wat mir jo maachen ouni driwwer nozedenken, sief et doheem, op der Aarbecht oder am Café, ass beim Lee Child sengem Haaptpersonnage sou eng Zort Ritual.
Éischtens muss hien ëmmer op enger Plaz setze vun där aus en de Rescht vum Raum kann observéieren. Säi Kaffi bestellt hien ëmmer schwaarz, an engem Steropore-Becher an hie bezilt ëmmer direkt nodeems en zerwéiert gouf. Dat alles aus deem Grond, datt hie keng Sekonn well verléieren an direkt kann opstoen a senger Wee goe, sollt iergendeppes geschéien...
Do spiert een datt d’Arméi seng Spuere beim Reacher hannerlooss huet!
An awer brécht de Reacher an „Way Out“ eng vun de wichtegste Reegelen. Well de Kaffi zou Manhatten esou gutt geschmaacht huet, hält den Ex-Militärpolizist sech fir eng Kéier net un säi Mantra – ni méi wei 24 Stonnen an enger Stad ze bleiwen – a gëtt esou an eng komplex Entféierungsgeschicht eragezunn.
Deen éischten Owend huet hien, ouni et ze wëssen, gesinn, wéi Suen an enger Entféirungsgeschicht d’Hand gewiesselt hunn.
Den Edward Lane, ass de Grënner a Chef vun enger Firma déi sech OSC Operational Security Consultants nennt an déi Ex-Militär als Mercenaire engagéiert. Seng Fra a Stéifduechter goufen entfouert ma nodeems den Edward Lane 1 Millioun Dollar Léisegeld bezuelt huet, gesäit et net esou aus wéi wann d’Entféierer déi zwou Frae géife fräi loossen. Wéi den Zoufall et esou wëllt, ass de Reacher deen eenzege Mënsch dee gesinn huet, wien d’Léisegeld ewech geholl huet. Esou gëtt hien ongewollt an dës Geschicht eragezunn an iert en sech ëmsinn huet, hänkt hien esou déif mat dran, datt en iwwerhaapt net méi erauskënnt.
Normalerweis léist de Reacher déi Fäll déi ëm op senge Reesen iwwert de Wee lafe jo ëmmer selwer, dës Kéier muss hien awer mat enger Ekippe vu ganz haarde Leit zesummeschaffen.
Effektiv sinn dem Edward Lane seng Leit alles Ex-Zaldoten, nëmmen déi Bescht, wore bei den SAS oder der Navy – wierklech keng Chrëschtkënnercher. Wat de Reacher méi laang ënnert hinnen ass, wat him ëmmer méi Saachen an dëser Geschicht opfalen, déi net wierklech passen. An wéi gewinnt bréngt de sympathesche Personnage et och dës Kéier nees fäerdeg an onméiglech Situatiounen zréck ze falen.
Wat dem Jack Reacher dës Kéier an der Milliounestad New York alles geschitt, muss dir da scho selwer noliesen. „Way Out“ ass 2009 op Däitsch am Münchener Verlag „blanvalet“ erauskomm.