
Wee seng Bicher liest, dee brauch am allgemenge gutt Nerven. De briteschen Auteur Simon Beckett beweist ëmmer nees op en Neits dass hie Meeschter ass, wat d’Spannung an d’Iwwerraschungen ubelaangt. Joerelaang wor säin Thriller Chemie des Todes, mat deem ëm den internationalen Duerchbroch gegléckt ass, an de Bestsellerlëschten an elo ass nees en neit Buch vun ëm do: Verwesung.
An Obwuel dem Beckett seng Handschrëft ëmmer déi selwecht ass, differenzéiert deen neie Roman sech dach awer vu senge Virgänger. En ass nämlech net grad esou onheemlech an och net grad esou spannend. Dofir kréie mer awer eng éischte Kéier e Bléck am Dr Hunter seng Vergaangenheet.
Komme mer t’éischt mol zu de Personnagen: do ass den arrogante forenseschen Archäolog Wainwright, d’Psychologin Sophie Keller, dräi Polizisten: de louchen Terry Connors, de Simms, dee just seng Carrière am Kapp huet, an den intriganten Roper. Déi all fonctionnéiere ronderëm den Ech-Erzieler David Hunter, deen als Expert grad vu London kënnt. Entretemps huet e seng Fra a säi Kand verluer a vegetéiert ouni konkrete Plang duerch säi Beruff als forenseschen Expert. Bis en Telefon vun der Sophie Keller kënnt, déi elo zu Dartmoor wunnt an an der Poterie schafft. Si freet ëm Hëllef, ouni awer méi konkret ze ginn.
Nieft dem Persounekarussel duerf an engem Beckett Roman natierlech och net de grujeleg-romantesche Fauna a Flora Set feelen: Eng Moorlandschaft, Bulli, Niwwel, Reen a Keelt, rëffeg Caféen, verloossen Zënnminnen, ënnerierdesch Gäng a verstoppte Weeër. An natierlech d’Déierewelt: Mueden a Mécken, doudeg Dachsen a lieweg Eilen, Fiiss a Reewierm.
Am éischten Deel fänkt d’Geschicht 8 Joer méi fréi un: Den David Hunter lieft mat senger Fra Kara a senger klenger Duechter Alice zu London. E gëtt op Dartmoor geruff, well do eng Läich am Moor fonnt gouf an et handelt sech ëm eng vum Seriemäerder Monk sengen Affer. Dësen huet awer bis elo refuséiert fir déi aner Griewer vu senge Läichen ze verroden. Anscheinend kann en sech net méi drun erënneren wou en d’Meedercher vergruewen huet a proposéiert der Police ze hëllefen. Dat gemëschten Team aus Polizisten a Beroder fënnt näischt an d’Aktioun gëtt ofgeblosen.
Den zweeten Deel spréngt 8 Joer no vir an dem Monk ass et gegléckt aus dem Prisong fort ze lafen. Op den David Hunter kënnt also en neien an awer ale Fall duer. D’Sophie Keller rifft ëm Hëllef, am wéi den Hunter ukënnt fënnt en d’Psychologin um Buedem an hirem Haus. Ween huet se iwwerfall?Wor et de Monk, dee rëm fräi ronderëm leeft, oder e ganz aneren? Dat alt Team huet Angscht virum Monk senger Revanche, virun allem de Wainwright, deen deemools keng Geleeënheet verpasst hat fir de Mäerder ze beleidegen. Nodeems d’Sophie iwwerfall gouf, gëtt och de Wainwright ëmbruecht an alles dait op de Monk als Mäerder. Ausser dass verschidden Deeler vum Puzzle net esou richteg zesumme passen.
Verwesung wär kee Beckett Krimi, wann en net bis op déi lescht Minutt spannend wier. An trotzdem packt d’Buch een net esou wéi seng Virgänger. De Schrëftsteller erzielt zwar eng ganz gutt Geschicht a léist de Lieser och eng éischte Kéier méi no un säin Held Hunter erun, ma wann een seng Romaner vu fréier kennt, da gëtt di hei duerch dem Auteur säi Schreifstil dach awer relativ séier previsibel. Op et an Zukunft nach weider Decouverten iwwert den David Hunter gëtt, dat ass nach net kloer, ma eng weider Geschicht soll et op allefalls ginn, well den Auteur ass schon amgaangen u sengem fënneften Hunter Roman ze schreiwen, deen dach awer hoffentlech nees mat deenen éischten Hunter Romaner mathale kann.
Muedenalarm an e Pack Bulli am Niwwel gëtt et also och nees am véierte Roman vum Simon Beckett mam Titel Verwesung. D’Buch ass am Hardcover bei Wunderlich erauskomm an huet 448 Säiten.