
De gastronomesche Krimi ass souzesoen de neie Genre vum Roman. Emmer méi Auteure verbanne gutt Kichen mat skurillen, dacks déitleche Geschichten. Esou och den Tom Hillenbrand, mat sengem Roman „Teufelsfrucht“. Ee Krimi bei deem en Ex-Stärekach an eng international Magouille verwéckelt gëtt, selwer Detektiv spillt an esou a méi wi eng quokeleg Situatioun geréit. De Xavier Kieffer ass ee vun deene Käch, deen den Drock vun engem Stärerestaurant net gepackt huet. Wou hie seng Ausbildung, bei engem renomméierten franséische Kach gemaach huet, wor jiddereen iwwerzeegt, datt hien emol ganz grouss géif erauskommen, et vläicht souguer an den exklusive Klub vun den zwee, oder dräi Stäre Restauranten géif packen. Doraus sollt awer näischt ginn. Well de Lëtzebuerger keng Loscht op dee ganze Stress méi haat huet hien d’Stärekichen un de Nol gehaangen an an der Ënnerstad ee gemittleche Restaurant opgemaach. Haute Cuisine steet hei keng op der Kaart, dofir lokal Spezialitéiten wéi een der ëmmer manner fennt: Huesenziwwi, Bouneschlupp a Rieslingspaschtéit, dat Ganzt mat engem gudde Pättche vun der Musel – hei leien dem Xavier Kieffer seng Prioritéiten.
Enges Owes awer gereit dem Xavier Kieffer säi Liewen op emol ganz séier op d’Kopp, nodeems e Kritiker vum beschtbekannten Restaurants Guide Gabin, bei him am Restaurant dout emfällt an dat nach iert en iwwerhaapt emol den Huesenziwwi geschmaacht huet.
De Kommissär deen d’Enquête iwwerhëllt zéckt net laang an gëtt dem Ex-Stärekach séier ze verstoen, datt hie ganz uewen op der Lëscht vun den Verdächtege steet.
Méi schéngt awer do net ze geschéihen an esou décidéiert de Kach d’Saach selwer an d’Hand ze huelen a mécht seng eegen Enquête.
Slow Food géint fast Food, Regional géint Stärekichen, natierlech Produiten an déi aus dem Labo, Lëtzebuerg – Paräis, de Xavier Kieffer géint d’Liewensmëttelindustrie. Am Tom Hillenbrand séngem éischte Krimi „Teufelsfrucht“ geet et kulinaresch héich hiir. Datt säin éischte Krimi ee Gastro-Krimi ginn ass, läit zum Deel dorunner datt den Auteur selwer gäre gutt esst.
De gréissten Deel vum Roman spillt hei zou Lëtzebuerg an et ass natierlech flott, wann een de Xavier Kieffer a séngen Aventure begleet an déi verschidde Plazen, wou d’Geschicht sech oofspillt, dann och erëmerkennt. Sief et am Gronn, a Clausen, um Kiirchbierg oder an de Kasematten – déi meeschte Plazen déi am Buch beschriwwe ginn, kennt an erkennt een. Do mécht et natierlech duebel vill Freed fir den Ex-Stärekach bei senger Enquête ze begleeden... De Restaurant Kritiker bleift awer net daat eenzegt Affer an dësem Roman, esou verschwënnt och dem Xavier Kieffer säi Léiermeeschter....dofir taucht eng onbekannte Fruucht op, déi och nach kee Numm huet an déi, esou schéngt et, net onschëlleg ass un deem Chaos an deem de Xavier Kieffer sech erëmfënnt.