
Inkl. Bonus-CD mat Geschichte gelies vum Auteur a musikalesch ënnermoolt vum Cary Greisch Tëscht Kaz a Kueder – Geschichten ass eng ganz besonnesch Zesummenaarbecht vun der Famill Greisch. De Pol Greisch huet dës Geschichte geschriwwen a säi Bouf de Cary Greisch huet sech dovunner inspiréiere gelooss an zur Titelgeschicht Tëscht Kaz a Kueder an der Suite Museksstécker komponéiert.
D’Buch
Tëscht Kaz a Kueder ass eng Usammlung vun eenzelne Kuerzgeschichten, déi eigentlech näischt mateneen ze dinn hunn an trotzdem op eng gewëssen Aart a Weis matenee verbonne sinn. Dëst duerch déi tëschemënschlech Relatiounen, déi net ëmmer esou verlafen, wéi sech dat d’Haaptprotagoniste virstellen. Identitéit, Frëndschaft a Léift; mol glécklech, mol verluer oder souguer verpasst; stinn am Fokus vum Pol Greisch sengem Wierk. Op deels lëschteg, deels eescht Manéier bréngt den Auteur de Lieser zum Nodenken a weist, dass d’Liewen een dach ëmmer erëm iwwerrasche kann ...
Eng vun dëse Geschichten ass Hien:
Hien erzielt vun enger klassesch Familljekonstellatioun – Mamm, Papp, Bouf – déi insgeheim ganz droleg ass. Dem Papp säin Dram war ëmmer et ee Meedchen ze kréien, “well et ower dee kripege Bouf gouf, wor dee fir hien, de Papp, net de Pitti, de Poli, den Nicki, den Toni, de Jempi, de Jimm, mä ganz einfach – quasi als Strof: HIEN.” De Bouf hat sech domatt offonnt, doheem just „Hien” geruff ze ginn, a mat der Zäit war hien esouguer fest dovunner iwwerzeegt, dass dat säi richtegen Numm wier. Bis enges Daags säi Franséischproff hien no sengem Numm gefrot huet, du war dee klenge Bouf komplett iwwerfuerdert a konnt just nach tuddelen: "« Je ... il ... lui. » Du wor Hien de Louis. Ower nëmmen an der Stad. Doheem blouf hien HIEN.” Et hat jo ni een him säi richtegen Numm gesot.
D’CD
Op der Bonus-CD liest de Pol Greisch zwou vu senge Geschichten: Tëscht Kaz a Kueder, an Aus dem Noper sengen Notizen. De Cary Greisch huet d’Musek zu den Texter komponéiert a spillt Gittar, donieft ass d’Coralie Greisch zeeneweis mam Cello ze héieren.

Pol Greisch
De Pol Greisch, Joergank 1930, spillt zënter 1953 Theater a lëtzebuergeschen, franséischen an däitsche Stécker, ass a Radiospiller a Filmer derbäi, schreift Gedichter a Prosa (ë. a. an der Warte, de Cahiers luxembourgeois, dem Lëtzebuerger Almanach, der Galerie, bei Arts et Lettres), haaptsächlech awer lëtzebuergesch Theaterstécker, vun deenen opgefouert goufen:
Äddi Charel (1966), Besuch (1969), Ënnerwee (1978), E Sieschter Räinetten (1980), Grouss Vakanz (1980), Viru mam Jabel (1981), Margréitchen (1986), De Bucki (1986), De laangen Tour (1988), Kellerzerwiss (1992), E Stéck Streisel (1992), E Platten (1995), Léiwe Kleeschen (1997), Eng Heemelmaus (1999), Wanter & Aarme Louder (2001), Kiischtebléien (2003), Belle-Ile & Fënsterdall (2008), Dame blanche (2010), Äiskal (2015).
2000 koum Fir meng Mamm, aus engem laange Bréif (Les Cahiers luxembourgeois) eraus; 2004 de Roman Mäi Frënd Benn (Phi); 2009 D’Sonnesäit, Gedichter a Geschichten (Phi); 2012 De Monni aus Amerika, Geschichten (ultimomondo).
Präméiert goufen ë. a.: 1979 Grouss Vakanz mam 1. Präis am Concours littéraire national; d’Trilogie Äddi Charel – Besuch – E Stéck Streisel mam Prix Servais 1993; 2002 säi Liewenswierk mam Prix Batty Weber an De Monni aus Amerika mam Prix Servais 2013.
Cary Greisch
De Cary Greisch, Joergank 1958, huet mat 15 Joer ugefaange Pop-, Rock- an Jazzmusek ze spillen. No der Première huet hie sech fir ee Museksstudium am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg entscheet a krut do deen éischte Präis an der Gittar an am Kontrabass.
Uschléissend huet de Cary Greisch klassesch Gittar beim Bernard Fieschi am “Conservatoire National de Région de Strasbourg” studéiert, wou hien 1985 mam “Diplôme Supérieur Instrumental” ofgeschloss huet. Duerno huet e Weiderbildungscoursen ë. a. beim Alexandre Lagoya absolvéiert.
1986 gouf de Cary Greisch Proff fir Gittar a Kammermusek am Lëtzebuerger Conservatoire. 1994 huet en als éischte lëtzebuergesche Gittarist eng Solo-CD erausbruecht. Seng Concerten an Opnahme si gepräägt duerch eng musikalesch Polyvalenz: klassesch Gittar, am Solo, Duo oder Trio; mat Flütt a mat Gesang, literaresch-musikalesch Projeten, Theatermusek, an elektronesch Musek gehéieren zu sengem Repertoire. Zum 50. Doudesdag vum brasilianesche Komponist Heitor Villa Lobos huet den “Théâtre National du Luxembourg” 2010 dem Greisch säi Multimedia-Projet “Villa-Lobos ou Les sons en extase” kreéiert.
POL GREISCH
TËSCHT KAZ A KUEDER
GESCHICHTEN
INKL. CD MAT GESCHICHTE GELIES VUM AUTEUR A MUSIKALESCH ËNNERMOOLT VUM CARY GREISCH
136 SÄITEN, 134 X 210 MM
GEBONNE MAT SCHUTZËMSCHLAG
ISBN 978-99959-42-18-2
24,00 €
Verlag Guy Binsfeld