
Fir déi déi eng Lecture fit mat an d´Vakanz sichen, kéint eist Buch vun der Woch de richtege Choix sinn. De Roman „Die Zitronenschwestern“ vum Valentina Cebeni mécht nämlech richteg Loscht fir fort. An dat net nëmmen deenen, déi gär bei d´Mëttelmier fueren, mä vrun allem deenen, déi gär bei d´Mëttelmier fueren an dobäi och gär gutt iessen. Beim Liese vun dëser Vakanzegeschicht leeft engem d´Waasser am Mond zesummen an dat op jiddefalls net ze mann. An dat op jiddefalls net ze mann. Nieft der Geschicht, sinn nämlech duerch dat ganzt Buch verdeelt lauter Rezepter opgeschriwwen. Fir Lieser, déi gär alt emol eppes Séisses iessen, kéint et elle ginn, fir net vu Loscht an d´Kichen ze goen, fir sech eppes sichen ze goen. Nieft de Rezepter, geet et am Valentina Celebi sengem Roman awer eigentlech ëm d´Geschicht vun enger Duerschter, déi net esou richteg weess, vu wou datt se kennt.
Opgewuess ass d´Elettra an Italien mat senger Mamm an obwuel et de Wonsch hat, Journalistin ze ginn, ass doraus näischt ginn, well seng Mamm net genuch Suen hat, fir säin Dram ze ënnerstëtzen. D´Mamm hat eng Bäckerei an esou huet d´Elettra mat hir gebak, obwuel et sech eigentlech fir dee Beruff esou guer net begeeschtere konnt. Dat zemools, well seng Mamm esou gutt dodra war, dass d´Leit hir fréier d´Bud ausgeraumt hu moies, wa se Brout kafe komm sinn. D´Mamm, d´Edda, läit awer, wann d´Geschicht ugeet, wéinst engem Accident zanter engem Joer am Koma, d´Bäckerei ass zanter hirem Doud d´Baach erofgaangen, an d´Elettra ass an enger existenzieller Kris. Hat huet weder Suen, nach eng Perspektiv, nach weess et esou richteg, wien et ass.
Wie säi Papp ass, ass et ni gewuer ginn an iwwert senger Mamm hir Vergaangenheet, weess et, wéi et schéngt, och näischt. Si huet nämlech ëmmer kategoresch refuséiert, driwwer ze schwätzen, mat der Excuse, dass dat alles eenzeg an eleng hir Erënnerunge sinn, déi se mat kengem wéilt deelen. Et weess just, datt seng Mamm op enger Insel am Mëttelmier vun Nonnen erzunn ginn ass, well hir Elteren net d´Mëttelen hate fir si bei sech ze halen.
Hat beschléisst also kuerzerhand seng Saachen ze paken an dohinner ze fueren, fir erauszefannen, wat et mat der Mamm hirer Vergaangenheet op sech huet. Nodeems et do ukënnt, gesäit et awer, dass d´Insel, obwuel se extrem schéin ass, awer dach relativ komesch ass. D´Leit sinn all schwaarz ugedoen, schléissen et direkt aus a wierken, alles an allem wéi wa se eng mat der Dänn hätten. D´Elettra léisst sech awer doduerch net ënnerkréien, et well nämlech onbedéngt wëssen, wie seng Mamm eigentlech ass, well et doduerch och hofft, senger eegener Identitéit méi nozekommen.
Fir Leit, déi gär südlännesch Geschichte liesen, ass „Die Zitronenschwestern“ op alle Fall de richtege Choix fir mat an d´Vakanz. D´Geschicht ass voll mat Zeeche vum Schicksal, der Sich no Léift an no Frëndschaft. Natierlech duerft och eng kleng Libesgeschicht net feelen. Obwuel déi eng oder aner Wendung e bësse liicht ze duerchkucke ass, d´Geschicht sech plazeweis zitt a schnulzeg ass an d´Naivitéit vum Haaptpersonnage deelweis nervt, ass et eng Geschicht déi sech séier liest an déi een och net kann op d´Säit leeën, wann ee bis ugefaangen huet mat liesen.
Ob d´Elettra am Endeffekt dat fënnt no deem et säi Liewe laang gesicht huet, bleift bis zum Schluss op, mä dierft de Romantiker ënnert eis eng Katharsis bréngen.