D'Buch vum Mount Januar ass geschriwwe vum Gabrielle Zevin.

D'Buch vum Mount JANUAR 2023

D'Tania Steffen aus dem All English Bookstore an der Staat stellt eis Tomorrow Tomorrow and Tomorrow fir:

Am Buch Tomorrow Tomorrow and Tomorrow geet et ëm de Sam an d'Sadie, déi sech als Kanner an der Klinik kenne léieren a Frënn ginn beim Super Mario spillen. Op der Uni treffen se sech erëm an decidéiere selwer e Videospill ze kréieren wat dann och e Rise Succès gëtt an et hinnen erlaabt eng Zukunft drop opzebauen.

Als si Nummer eent vum Marché ginn fänkt dann och den Drock un. D'Sadie wëll sech weiderentwéckelen an nei Saache probéieren, wärend de Sam awer éischter un d'Demande vum Public orientéiere wëll fir Suen ze maachen. Do sinn d'Problemer virprogramméiert mee keng Angscht am Buch dat an Achzeger start an déi nächst dräi Joerzéngter opweist geet net nëmmen ëm Videospiller vill méi ass et e Buch um Frëndschaft an all Zort vu Léift a weist wéi wäit een eng Passioun am Liewe brénge kann.

De Sam lieft mat Behënnerung a probéiert als koreanesch ofstännegen Amerikaner seng Plaz a sech selwer ze fannen. D'Sadie huet mat Sexismus, Antisemitismus an enger toxescher Beziung ze kämpfen. D'Buch ass och voller intressanter Theemen, déi weise wéi schwéier, awer och schéin, d'Liewe ka sinn. Et ass 2022 erauskomm an direkt bescht Buch vum Joer gekréint ginn. De 24. Februar kënnt et op Däitsch mam Titel "Morgen und Morgen und wieder Morgen" eraus.

Bestellt d'Buch vum Mount Januar 2023 online a loosst Iech beliwweren, oder huelt d'Buch an Ärem Ernster Butték of.

Méi Bicher op Ernster.com.

RTL