September 2023: Henry Kolonko und die Sache mit dem Finden

Dëse Mount gouf e Kannerbuch, geschriwwe vum Maja Konrad, virgestallt.
"Moien, mäin Numm ass Nina an ech schaffen an der Librairie Ernster an der Belle Etoile.
Schonn als Kand hu mech Bicher ëmmer faszinéiert. Et huet ee mech seelen ouni e Buch an der Hand gesinn. Zanter 18 Joer sinn ech elo Buchhändlerin a fir mech ass et nach ëmmer de schéinste Beruff, deen ech mir virstelle kann.
Hei an eisem Kannerbuttek Erny an der Belle Etoile sinn ech verantwortlech fir déi däitsch Kanner- a Jugendbicher.
Als Buch vum Mount September stellen ech Iech haut dann och e Kannerbuch vir. An zwar “Henry Kolonko und die Sache mit dem Finden” vun der Autorin Maja Konrad. Et wäert Ënn September erauskommen an ass fir Kanner ab 8 Joer.
Ëm wat geet et am Buch? Den Henry sammelt Fundstücker a probéiert, d’Besëtzer ze ermëttelen, fir hinnen anonym hier Saachen zeréckzeginn. Stoftdéieren, Schlëssel, e Gebëss, eng Katz, …
Et war scho villes dobäi. Akribesch dokumentéiert hien all Fundstëck, all Iwwerreechung.
Usech ass hie gäre fir sech eleng, mee da leiert hien d’Pippa kennen an alles ännert sech. Hat ass haart, abenteuerlech a couragéiert. De genee Géigendeel vum Henry. Am Ufank ass hie guer net frou, hie war dach ëmmer zefridden, eleng ënnerwee ze sinn. Mee lues a lues gett hie méi oppen a mierkt, dass et och ganz schéin ass, eng Frëndin ze hunn, op déi hien sech verloossen a mat deem hie ganz vill Abenteuer erliewe kann.
Mee wat huet et iwwerhaapt mat sengem Hobby op sech? Firwat ass et dem Henry sou wichteg, deene Léit, déi eppes verluer hunn hier Saachen zeréckzeginn?
D’Geschicht huet mech vun Ufank u begeeschtert. Ech hu matgefeiert, matgefillt a vill gelaacht.
E wonnerbaart Buch, wat vun Ënn September un an den Ernster Butteker oder iwwert eisen Internetsite ernster.com erhältlech ass.
Vill Spaass beim Liesen!"