De Roman berout op enger wouerer Geschicht ass am August 2023 erauskomm, geschriwwe vum Sorj Chalandon.

Ernster: Buch vum Mount - August 2023

"Moien, ech sinn de Lionel. Ech schaffe an der Librairie Ernster zu Miersch. Haut proposéieren ech Iech als Buch vum Mount August “L'Enragé”, déi neisten Publikatioun vum Sorj Chalandon.

Frankräich, Belle-île-en-mer, am August 1934. De Jules Bonneau alias "la Teigne" ass an enger Erzéiungs-Colonie gefaangen. Gefaangen, well et keng Colonie ass, mä e Prisong, wou Kanner, einfach nëmmen well si op der falscher Plaz an am falsche Moment gebuer gi sinn, déi uergsten psychologesch an physesch Gewalt erleide mussen.

Well si et net méi ausgehalen hunn, brécht de Jules mat 55 vu senge Leidensgenossen de 27. August aus. Et gëtt duerno eng richteg Juegd op d'Kanner organiséiert, wou déi ganz Insel mat den Awunner an Touriste matmécht.

Relativ séier sinn all d'Kanner erëm agefaangen, bis op de Jules, dee bei engem Fëscher an senger Fra ënnerkomm ass.

Duerch säi Stil mat kuerzen an direkte Sätz, an mat sengem perfekt ausgewielte Wuertschatz, suergt de Sorj Chalandon dofir, datt mir eis komplett an dem Jules säi Kapp kënnen eraversetzen. Hien suergt och dofir dass de Lieser de geschichtleche Kontext nom Crash op der Bourse an den Opschwong vun de Faschiste kënnen novollzéien.

De geschichtleche Kontext ass nach ëmsou méi wichteg, well den Opstand vum August 1934 an déi beschriwwe Juegd op d'Kanner wierklech geschitt sinn. De Jacques Prévert, schockéiert duerch des Evenementer, hutt d'Gedicht "La chasse à l'enfant" dozou geschriwwen.

L'Enragé ass ee schrecklechen mee och beweegen Roman, an deem dat Béist vun der Mënschlechkeet mam Beschten zesummekënnt. Ee Roman, duerch Egoissem an Solidaritéit opgebaut an tëschent Desillusioun an Hoffnung gespléckt.

Ze kréien ass d'Buch direkt hei oder an allen Ernster Librairien.

Vill Spaass beim Liesen!"