D'Buch vum Mount Mäerz ass vum Gilles Kolbet geschriwwen a gëschter offiziell erauskomm.

D'Buch gëtt eis vum Auteur selwer presentéiert:

Ernster: Buch vum Mount - Mäerz 2023

Mäin Numm ass Gilles Kolbet si vu Beruff Schoulmeeschter, Papp vun zwee Kanner, jo, wann dann nach Zäit bleift, mécht et mir natierlech och ganz vill Freed Kannerbicher ze schreiwen. D'Kannerbuch ROUT GIEL ODER BLO ass elo och scho meng zweet Zesummenaarbecht mat der Editioun Ernster, wat mech natierlech gefreet huet.

An dësem Kannerbuch geet et ëm ee Kënschtler, den Albert Pinceau, dee ganz aleng a sengem Holzhaus, wäit ewech vun der Gesellschaft lieft. Hien ass am Fong e passionéierte Kënschtler. Hie moolt ganz gären, mee säit enger Zäitche stellt hie fest dass seng Faarwen him net méi sou vill Freed bréngen.

Ëmmer erëm stellt hie sech d'Fro „rout giel oder blo, wéi eng Faarf huelen ech dann elo?“, an och wann hie selwer net wierklech eng Äntwert op seng Fro fënnt, mierkt hien, dass him eppes feelt. Wat genau dat allerdéngs ass kann hie sech iergendwéi net erklären.

Enges Daags kënnt hien dann an eng onerwaarte Situatioun, wou hien Hëllef brauch an déi hie spontan vu verschiddenen Déieren ugebuede kritt.

A sou kënnt et dann och dass, duerch déi verschidden Evenementer déi dorop erfollgen, den Albert no an no feststellt wat him am Fong feelt fir glécklech ze sinn. An hie mierkt dass et nach esou munch aner Faarwen am Liewen ze entdecke gi wéi déi, déi hie bis elo kannt huet.

D'Kannerbuch rout giel oder blo gouf vum Claire Krack illustréiert. De Claude Zeimes an den Thierry Mersch hunn ausserdeem e ganz flott Kannerlidd zum Buch produzéiert, wat een dann och via QR-Code lauschteren a matsange kann.

D'Buch ass eréischt ganz frësch eraus komm an zanter 27. Mäerz 2023 am Verkaf.
Bestelle kann een d'Kannerbuch Rout Giel oder Blo" hei.