De koreanesche Realisateur Park Chan-wook huet sech mat Filmer wéi “Oldboy” oder “The Handmaiden” en Numm gemaach. Bei “No other Choice” hëlt hien eis mat an déi däischter an absurd Welt vun engem aarbechtslose Familljepapp, dee fir eng nei Aarbecht zu extreme Mëttel gräift.
De Man-su, en Expert an der Fabrikatioun vu Pabeier, huet sengen eegene Wierder no alles, wat e brauch fir glécklech ze sinn: eng Famill, en Haus, zwee Hënn an e flotten Auto. Wéi seng Aarbecht enger Restrukturéierung am Betrib zum Affer fält, geréit säi Liewensstandard awer schnell a Gefor. Fir een neie Posten, dee sech schliisslech am sengem Beräich opdeet, ass d’Konkurrenz grouss. An senger Verzweiwlung gesäit hien nëmmen ee Wee, fir sech den Job ze sécheren: Déi aner Kandidaten aus dem Wee raumen.
Déi däischter Komedie “No other Choice” vum Park Chan-wook ass d’Adaptatioun vum Roman “The Ax” vum Robert Westlake an impressionéiert duerch hire brillante Montage an déi innovativ Mise en scène. An enger gelongener Mëschung aus Spannung an absurde Situatiounen hëlt de Film déi haart Gesetzer vun der Aarbechtswelt op d’Schëpp a weist dem Mënsch seng Ofhängegkeet vu Konsum a Status.