„Wuthering Heights“ Dee schlechtste Film vum Joer?

Isabelle Gillen
Fir Vältesdag ass de Film „Wuthering Heights“ vun der englescher Regisseurin Emerald Fennel och hei zu Lëtzebuerg an de Kinoen ugelaf. Inspiréiert um literaresche Klassiker mam nämmlechten Titel vum Emily Brontë, erzielt de Film d’Geschicht vum Cathy a vum Heathcliff, zwee komplett verschiddene Personnagen, deenen hir Weeër sech zoufälleg kräizen an een deem anere säi Liewe fir ëmmer verännert.
Spoiler-Alarm: Wann Dir dëse Film nach selwer wëllt kucke goen, liest dësen Artikel just bis bei d’Affiche.
© Photo by LOREDANA SANGIULIANO / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP

„Wuthering Heights“ kuckt sech ewéi eng Parodie vum 1847 geschriwwenen englesche Klassiker. Wéi eng Mëschung tëschent enger Dark-Romance-Geschicht an enger Wattpad-Fanfiction. Der Emerald Fennel hir filmesch Adaptatioun huet absolut näischt méi mat den eigentlechen Theeme vun der Geschicht ze dinn. Wou deemools nach d’Kritik vun der Englescher Klassegesellschaft aus dem 19. Joerhonnert am Vierdergrond stoung, fënnt een elo plakativ erotesch Zeenen, déi näischt zum Inhalt vum Film bäidroen an eleng d’Fantasië vum Public bedénge sollen. Och de berüümte Casting mam Margot Robbie als Cathy Earnshaw an dem Jacob Elordi als Heathcliff, hiewe „Wuthering Heights“ net op en anere Niveau. Zwar sinn d’Rollen u sech gutt gespillt, ma dat wat gespillt gëtt ass awer esou banal an iwwerflächlech, dass d’schauspilleresch Leeschtunge bemol redundant ginn.

Et kéint een onendlech laang iwwert alles dat schreiwen, wat de Film vum Buch ënnerscheet. Vun der historescher Onkorrektheet, wat d’Kostümer ugeet, iwwert d‘Tatsaach, dass den Heathcliff am Emerald Fennel hirer Versioun keen „donkelhäitegen Zigeiner“ méi ass, bis hin zur feelender zäitlecher Déift. Et muss een awer och ganz kloer beuechten, dass d’Regisseurin vun Ufank un oppe kommunizéiert huet, dass hire Film eleng um Buch inspiréiert wier a keng richteg Adaptatioun soll sinn. Deemno dierf een och net erwaarden, dass déi Elementer, déi d’Buch Wuthering Heights zu deem gemaach hunn, wat et bis haut ass, am Film rëmzefanne sinn.

Ma trotzdeem, och wann een de Film als eegent Wierk analyséiert, mierkt ee séier, dass „Wuthering Heights“ ausser e puer pseudo-romantesche Sätz, net vill ze bidden huet. Deen ëm d’Cathy Earnshaw zentréierte Film weist eng viktorianesch Famill an hiren Alldag an hirem Wunnsëtz Wuthering Heights. Enges Daags, bréngt de Papp e Stroossejong mat Heem, deen an Zukunft als Hausaarbechter fir d’Famill dénge soll. Séier frënnt d’Cathy sech mam Jong un a gëtt him den Numm Heathcliff. Vun Ufank un etabléiert de Film eng Relatioun tëschent den zwee Kanner, déi ouni sexuell Tensiounen net existéiert. Et gëtt sech keng Zäit geholl eng wierklech Relatioun tëschent dëse Kanner opzebauen, fir déi d’Zuschauer sech och géifen interesséieren. Donieft ginn och déi aner Personnagen am Film weider net an hire Rollen erkläert, wat awer och egal ass, well de Film souwisou net genuch an d’Déift geet, fir dëst iergendwéi relevant ze maachen.

„Wuthering Heights“ ass e Film, dee vill soll an awer näischt erreecht, ausser all eenzel Zeen op iergend eng Aart a Weis ze erotiséieren. Och d’Bondage an S&M Zeene gi mat dësem Film oppe bedéngt. Vum Gebläers an der Gewalt ofgesinn, mierkt een, dass bei der Produktioun vum Film visuell Ästhetik wäitaus méi wichteg war, wéi eng zesummenhänkend Geschicht ze erzielen. D‘Geschicht spréngt vun enger kuerzer, artistescher Zeen op déi nächst, ouni drop opzepassen, dass dës zesummenhänken an ouni den Zeenen an doduerch och den Zuschauer genuch Loft ze ginn, fir ze verschaffen, wat ee grad ze gesi kritt.

© “Wuthering Heights”

Wann d’Cathy, no ronn enger Stonn vum Film, deen neien Noper Edgar Linton bestuet a soumat dem Heathcliff säin Häerz zerbrécht, erreecht „Wuthering Heights“ eng nei Dimensioun vun der Absurditéit. Hei verléiert de Film gefillt alles, wat en nach mat engem viktorianeschen England ze dinn hat a spréngt vun enger sexueller Zeen an déi nächst, et gëtt ouni Paus gekrasch an ëmmer an ëmmer erëm „Ech hunn dech gär“ gesot. Ma och domat kann een d’Léift tëschent dem Cathy an dem Heathcliff net méi retten a schlussendlech ënnerläit d’Cathy de Folge vun enger Bluttvergëftung, woumat de Film, no ronn 2 Stonnen op en Enn kënnt. Wéi dem Heathcliff säi Liewen duerno weider geet, dat wat e groussen Deel vum Buch ausmécht, kritt een am Film net matgedeelt. Warscheinlech dowéinst, well an enger Welt ouni d’Cathy, fir den Heathcliff och keng Erotik méi existéiert an deemno fir d’Regisseurin irrelevant ass.

„Wuthering Heighst“ war mat ee vun deenen am meeschten antizipéierte Filmer aus dësem Joer, ma en huet sech awer séier bei der Majoritéit vun de Leit op de soziale Medien als ee vun de schlechtste Produktiounen erausgestallt, deen den Titel „Wuthering Heights“ net verdéngt huet. Wann een der Emerald Fennel hir Verfilmung well kucke goen, muss een d’Buch vum Emily Brontë vergiessen a sech bewosst sinn, op wat ee sech aléist an eréischt da kann een de Film mat e bësse Chance op déi eng oder aner Manéier genéissen.

Back to Top
CIM LOGO