
Déi 16. Editioun vum Luxfilmfest wäert dëst Joer vum 5. bis de 15. Mäerz sinn. E Freideg hunn d’Organisateure matgedeelt, dass déi renomméiert franséisch Schauspillerin Emmanuelle Béart dëst Joer Deel vum internationale Jury wäert sinn.
D’Emmanuelle Béart gouf engem grousse Public am Joer 1986 duerch dem Claude Berri säi Film “Manon des Sources” bekannt. Fir hir Roll als Manon Cadoret gouf si mam César fir déi beschte Nieweroll geéiert. Iwwer d’Jore war si esouwuel als Theater-, ewéi och als Filmschauspillerin aktiv, dat fir d’éischt a Frankräich a spéider och international. Si war ënner anerem och am Brian de Plama sengem “Mission Impossible” ze gesinn.
2023 huet si beim Documentaire “Un silence si bruyant” Regie gefouert. Ausserdeem ass si zanter iwwer 20 Joer als “Global Ambassador” fir d’Unicef aktiv.
Als Deel vun der Jury vum LuxFilmFest wäert si un der Säit vum spuenesche Regisseur Rodrigo Sorogoye, dem brittesche Museker Peter Doherty, der finnescher Schauspillerin Alma Pösyti, dem argentineschen Regisseur a Filmauteur Lisandro Alonso an der lëtzebuergesch-singapurescher Regisseurin a Cinematographin Rae Lyn Lee sëtzen.