Iert et allerdéngs un d’Detailer vun der Programmatioun goung, gouf d’Entwécklung vum Festival iwwert déi lescht zwee Joerzéngte vum President Georges Santer ugeschwat. Ouni déi laangjäreg Presidentin a rezent verstuerwe Colette Flesch, wier de Festival haut net dat, wat en ass, esou de President.
Weider heescht et, mir géifen an Zäite liewen, déi duerch Inflatioun an Onsécherheete gezeechent sinn a grad dowéinst wier et als Film Festival wichteg, den Austausch mam grousse Public ze stäerken. Och de Kulturminister Eric Thill huet wärend der Pressekonferenz betount, wéi wichteg et wier gewësse Wäerter, wéi Diversitéit, Inklusioun a Gläichstellung an enger turbulenter Zäit am Kino ze promouvéieren. Deemno hätt een dëst Joer e besonnesch breede Programm, ganz nom Motto “Kino fir jiddereen”, erausgewielt.

En Highlight dëst Joer dierft d’Präsenz vum brittesche Museker Peter Doherty (The Libertines a Babyshambles) sinn, deen Deel vun der Internationaler Jury ass, dat niewent dem Lisandra Alonso, Alma Pöysti a Rae Lyn Lee.

Wéi all Joer gëtt et um Festival an deenen ënnerschiddlechste Kategorie Filmer z’entdecken. Een Highlight ass den däitsche Film “Rose” vum Realisateur Markus Schleinzer, deen an der offizieller Kompetitioun ze fannen ass an aktuell och op der Berlinale vertrueden ass. Op en Enn geet de Festival de 15. Mäerz mam Film “Rosebush Pruning” vum Direkter Karim Aïnouz, mat ënnert anerem dem Elle Fanning an enger Haaptroll.
Doriwwer eraus ginn et bei dëser Editioun vum Film Festival nach e puer weider grouss Gesiichter op der Leinwand ze gesinn. Dorënner zum Beispill d’Angelina Jolie am Film “Coutures”, de Robert Pattinson an d’Jennifer Lawrence an “Die My love”, d’Olivia Coleman an “Jimpa”, de Willem Dafoe am Film “Late Fame” an d’Amanda Seifred am Film “Anne Lee”. E weideren Highlight wier ausserdeem den iraneschen Dokumentarfilm “Cutting Through Rocks”, deen och dëst Joer fir en Oscar nominéiert ass.
D’Kategorie Made in/with Luxembourg a Young Audience, oder Late Night Bizzare by Kinepolis, fir der just e puer ze nenne, bleiwen och an dëser 16. Editioun vum Festival bestoen a bidde soumat genuch Variatioun u Filmer, fir dass jiddereen eppes fënnt, wat em gefält.
Dee ganze Programm vum Festival kënnt an de nächsten Deeg op hirem Internetsite online. Wieder Informatiounen iwwert de Festival, Ticketen an extra Evenementer fannt Dir op www.luxfilmfest.lu .
Zousätzlech gëtt et wärend der kompletter Dauer vum Festival d’Ausstellung “Here Comes the Sun” am Ratskeller vum Cercle Cité an den Immersive Pavillon vun der Abtei Neimënster, dem Mudam an der Villa Louvigny, z’entdecken.