Den Tom lieft dovun, Konflikter ze léisen, ouni jeemools seng Clienten ze gesinn. Als Mëttelsmann tëscht grousse Konzerner an deene Leit, déi Informatioune géint si an der Hand hunn, huet hien eng einfach Reegel: keng direkt Kontakter.
Wann d'Sarah, eng Biologin, déi Beweiser iwwer déi geféierlech Niewewierkunge vun engem verbreeten Agrarprodukt geklaut huet, bei him no Hëllef sicht, geréit dëse Prinzip awer séier an d'Schwanken.
Iwwer Telefonslinnen, Codewierder an anonym Kommunikatiounen entwéckelt sech eng spannend Course géint d'Zäit, an där net nëmmen dem Sarah seng Sécherheet um Spill steet, mee och dem Tom seng eege Prinzippien. D'Haaptfigur, gespillt vum exzellente Riz Ahmed, bréngt et fäerdeg, hei ouni vill Dialoge sengem Personnage eng vulnerabel Dimensioun ze ginn an e Personnage ze kreéieren, deen net als onfeelbare Profi gezeechent gëtt, mee als Mann, deem seng Ängscht, seng Erfarungen a seng Idealer all Entscheedung beaflossen.
Wéi schonn a senge virleschte Filmer wéi "Hell or High Water" oder "Starred Up" interesséiert sech den David Mackenzie manner fir de Spektakel wéi fir d'Mënschen, déi ënner dem Drock vun aussergewéinleche Situatioune lues a lues aus dem Gläichgewiicht geroden. De Mackenzie schafft mat enger zréckhalender Inzenéierung, wou all Bild an all Schnëtt dozou déngt, d'Onsécherheet vum Zuschauer ze verstäerken.
"Relay" beschäftegt sech op ästhetesch präzis an extrem spannend Manéier mat Theme wéi Vertrauen, Manipulatioun an de Grenzen tëscht Informatioun a Kontroll an ass momentan op der Streaming-Plattform Amazon Prime ze gesinn.