Barrage am FuttballWolz ass no Victoire am Eelefmeterschéissen nees an der BGL Ligue, Mamer steigt of

Steven Milbert
E Sonndeg stoung am Kader vun de Barragë mam Duell tëscht Mamer a Wolz dat éischt Openeentreffen tëscht enger Ekipp aus der BGL Ligue an enger aus der Éierepromotioun um Programm.
© Domingos Oliveira

An dësem Duell kruten déi 2371 Spectateuren, déi de Wee op Ettelbréck fonnt haten, zimmlech more Kascht ze gesinn. Keng Formatioun huet esou richteg Gefor virum géigneresche Gol ausgestraalt, soudatt no 90 Minutten en 0:0 um Bou vum Match stoung. Nodeems och an der Verlängerung keng Ekipp den decisive Gol markéiere konnt, sollt d'Entscheedung am Eelefmeterschéisse falen.

An dësem ka sech Wolz da mat 5:4 géint Mamer behaapten. An engem Match ouni vill Spektakel kënne sech déi Wëlzer deemno um Enn duerchsetzen, wouduerch se d'nächst Saison an der BGL Ligue untrieden dierfen. Fir Mamer bedeit dës Néierlag dogéint, datt een d'nächst Joer, no engem Joer BGL Ligue, nees eng Etage méi déif an der Éierepromotioun spille muss.

FC Mamer 32 - FC Wolz 71 (0:0, 4:5 no Eelefmeterschéissen)

Zu Ettelbréck stoung den Owend fir béid Formatioune vill um Spill. Dëst huet een och gemierkt, well béid Ekippe probéiert hunn, fir d'Kontroll an der Ufanksphas iwwert de Match ze kréien. Mä op béide Säiten hu sech am Ufank puer Feelpassen ageschlach, soudatt kee richtege Spillfloss opkomme sollt. No an no ass awer méi Vitess an de Match komm, wouduerch et Golchancen ze vermelle goufen. Déi éischt grouss Geleeënheet hat Wolz iwwert déi riets Säit: Den Hassaini huet sech staark duerchgesat an de Ball geféierlech an de Strofraum bruecht, wou den De Oliveira nëmme knapps verpasst huet. Kuerz drop koum och Mamer besser an de Match an huet fir déi gréisst Chance vun der éischter Hallschent gesuergt: No engem Gewurschtels am Wëlzer Strofraum koum de Rapaille aus kierzter Distanz zum Ofschloss, mee den Da Cunha konnt op der Linn klären. Och den Noschoss vum Montout gouf doropshin nees vum Da Cunha entschäerft, dee seng Ekipp domadder virum Géigegol gerett huet.

Mä Wolz war och geféierlech: Den De Oliveira konnt sech direkt no der Mamer Chance, nodeems hie schéin an Zeen gesat gouf, am Strofraum dréinen an huet de Ball nëmmen ëm e puer Millimeter laanscht de Gol gesat. An der Suite vun der éischter Hallschent huet Wolz ëmmer méi d’Initiativ ergraff a sech Chancë kreéiert, mä Mamer huet engagéiert verdeedegt a sech esou selwer ëmmer nees Konterméiglechkeeten erausgespillt. An der éischter Hallschent sollt awer kee Gol méi falen, soudatt den Arbitter déi béid Formatioune beim Stand vun 0:0 op den Téi geschéckt huet. Domadder war fir béid Formatiounen an den zweete 45 Minutten nach alles dran.

© Steven Milbert

An der zweeter Hallschent hunn déi Wëlzer do weidergemaach, wou si an der éischter Hallschent opgehalen haten. Si hate vill Ballbesëtz an hunn de Wee no vir gesicht. Esou konnte si sech e puer Chancen rausspillen, mä ëmmer nees konnt de Schreiber am Gol vu Mamer de Ball opfänken oder en op Käschte vun engem Corner klären, deen déi Mamer Defense doropshin ouni Probleemer kläre konnt. An der 68. Minutt sollte sech déi Wëlzer dunn awer selwer e Been stellen. No engem u sech harmlose Feeler huet de Reciputi seng zweete giel Kaart gesinn, woumat hie scho fréizäiteg dusche goe konnt.

Nodeems d'Wëlzer an Ënnerzuel gerode sinn, sinn d'Mamer Spiller ëmmer méi aktiv ginn an hu probéiert duerch e puer séier Virstéiss e Gol ze markéieren. Allerdéngs huet et do ëmmer un der néideger Präzisioun gefeelt, soudatt d'Männer aus der Réimerstad nëmme seele geféierlech virum Choi am Gol opdauche konnten. Insgesamt kruten d'Spectateuren an der zweeter Hallschent more Kascht zerwéiert. Wolz huet sech hanne ragestallt an déi Mamer konnten aus der Iwwerzuel kee Kapital schloen, soudatt et an d'Verlängerung gaangen ass.

An dëser haten déi Mamer och méi vum Spill, mä et huet zu kenger Zäit dono ausgesinn, ewéi wa si a Féierung kéinte goen. Déi Wëlzer hu sech weiderhin op d'Defense konzentréiert, soudatt fir jiddereen am Stadion um Däich zu Ettelbréck kloer war, datt d'Entscheedung, wien an der Saison 2026/27 an der BGL Ligue spillen dierf, wuel em Eelefmeterschéisse fale wäert.

An dësem sollten um Enn d'Wëlzer de längeren Otem hunn. Déi Wëlzer hu sech alleguer souverän virum Punkt gewisen a konnten hir Eelefmetere verwandelen. Och déi Mamer Spiller ware souverän, allerdéngs sollt ee Spiller, de Muric, Nerve weisen a säin Eelefmeter net am Gol ënnerbréngen. Um Enn gewënnt Wolz also mat 5:4 no Eelefmeterschéissen a spillt deemno an der BGL Ligue, wougéint et fir Mamer no engem Joer nees eng Etage erof an d'Éierepromotioun geet.

D'Resultater vun de Barragematcher

Back to Top
CIM LOGO