Besser Aarbechtskonditiounen a kloer Reegelen"Médecins en voie de spécialisation" kréien eenheetleche Statut

Marlène Clement
No laange Verhandlunge gouf en eenheetleche Statut fir ronn 250 jonk Dokteren, déi hir Spezialisatioun hei am Land maachen, ausgehandelt, dee méi gerecht Aarbechtskonditiounen a Bezuelung versprécht.
Laang Aarbechtszäite géingen zu Middegkeet a Feeler féieren an dat wier net am Interêt vum Patient, sou Vertrieder aus dem Secteur.
© Canva / Syda Productions

Médecins en voie de spécialisation kréien eenheetleche Statut / Marlène Clement

Et ass eng laangjäreg Fuerderung vun de "Médecins en voie de spécialisation" – kuerz MEVS – zu Lëtzebuerg: besser Aarbechtskonditiounen a kloer definéiert Reegelen. Zejoert ass d'Regierung där Fuerderung nokomm an huet en eenheetleche Statut fir d'MEVS annoncéiert.

No laange Verhandlungen ass ee sech elo och beim Inhalt eens ginn. Fir déi ronn 250 jonk Dokteren, déi hire Medezinstudium am Ausland ofgeschloss hunn an aktuell hir Spezialisatioun am Grand-Duché maachen, dierft den neie Statut eng Rei Verbesserunge mat sech bréngen.

Besser Bezuelung

Garden assuréieren, am OP assistéieren a Patiente suivéieren... d'Assistenzdokteren droen eng grouss Verantwortung. Hir Bezuelung gëtt deem allerdéngs net gerecht, kritiséiert hire Verband, d'ALMEVS.

Am Grand-Duché kréichen déi jonk Medezinner aktuell manner ewéi an Däitschland. Notamment ëm déi 4.000€ Brutto am éischte Joer.

Gefuerdert gouf eng Upassung un eng A1-Karriär beim Staat. Déi Fuerderung gouf zwar bei de Verhandlungen net zréckbehalen, ma ëmmerhi géing ee mam neien Accord elo e bëssen iwwert deem leien, wat eis d'däitsch Nopere bezuelen, seet d'Co-Presidentin vun der ALMEVS, d'Dr. Lisa Zangarini, ouni awer e Montant ze nennen.

48-Stonne-Woch als Zil
Et ass eng laangjäreg Fuerderung vun de Médecins en voie de spécialisation (MEVS) zu Lëtzebuerg: besser Aarbechtskonditiounen a kloer definéiert Reegelen.

48-Stonne-Woch als Zil

Och bei der Aarbechtszäit gëtt nogebessert. Aktuell wier et dacks nach Standard fir vill MEVS am Spidol, datt se deels an der Moyenne 60 bis 80 Stonne pro Woch schaffen iwwert d'ganzt Joer. Der ALMEVS wier et wichteg gewiescht, sech do mam europäesche Recht ze alignéieren a fir ee Maximum vun 48 Stonnen an der Moyenne ze fixéieren.

Dat wier net nëmmen am Sënn vun de jonke Medezinner, ma natierlech och vum Patient. Wann een Dokter 80 Stonnen an der Moyenne schafft, da kënnt d'Middegkeet.

Dat ass mënschlech, betount d'Dr. Lisa Zangarini. D'Middegkeet géing zu Feeler féieren an dat wier net am Interêt vum Patient.

Onkloer wier awer nach, wéi dat an Zukunft soll kontrolléiert ginn. Dat misst nach mat der Spidolsfederatioun FHL an den zoustännege Ministèrë gekläert ginn.

D'Lisa Zangarini, Co-Presidentin vun der ALMEVS.
D'Lisa Zangarini, Co-Presidentin vun der ALMEVS.
© Marlène Clement

Méi Plaz fir Fuerschung a Weiderbildung

Nieft den Aarbechtskonditioune gesäit d'Co-Presidentin vun der ALMEVS och bei der Fuerschung a Weiderbildung nach Sputt no uewen. Et hätt ee sech elo drop gëeenegt, datt an der Ausbildung vun de MEVS méi Zäit virgesi gëtt fir Fuerschung a Weiderbildung.

Dëst wier ee wichtege Schrëtt fir jonken Dokteren d'Méiglechkeet ze ginn, fir zu Lëtzebuerg Fuerschung ze maache wärend hirer Ausbildung, awer och fir aner Formatiounen ze maachen a sech an deem Beräich weiderzebilden, an och ee Budget dofir ze hunn.

Lëtzebuerg méi attraktiv maachen

Aktuell kënnt ronn een Drëttel vun de Lëtzebuerger Medezinner nom Studium am Ausland net méi zréck an d'Land. Et géing an alle Beräicher un Nowuess feelen, de gréisste Besoin géing et bei der Médecine générale.

Mat engem eenheetleche Statut an der Upassung vum gesetzleche Kader hofft een, de Grand-Duché méi attraktiv ze maache fir jonk Dokteren an esou der Penurie am Secteur entgéintzewierken.

Back to Top
CIM LOGO