Sech relax bei d'Waasser leeën, zesumme mat Famill a Frënn picknicken - leider hannerléisst dat alles och Spueren, well vill Leit et net néideg fannen, hiren Dreck nees mat Heem ze huelen.
"Et komme ganz vill Leit hir Fräizäit laanscht Waasser verbréngen. Dat ass jo och schéin an dat ass och flott sou. Awer d'Leit loosse ganz vill Dreck do. An dat fanne mir natierlech als Gemeng net esou schéin. Virun allem, well et wierklech eng Quantitéit ugeholl huet, déi einfach vill ze vill grouss ginn ass", esou de Schengener Buergermeeschter Michel Gloden.
All deen Offall, dat rechent sech op d’Joer, seet och de Jacques Sitz, Buergermeeschter vu Réimech:
"Déi Zuelen, déi leie vir. Dat heescht, eis Kiermaschinn zum Beispill, déi huet bal 70 Tonnen zesummegekiert, an dann hu mer nach de Poubelleswon, deen un déi 80 Tonnen agesammelt huet. Do sinn natierlech da bei eis och Samschdes a Sonndes ëmmer zwee bis dräi Leit, déi schaffen."
Béid Buergermeeschter wëssen hiren Hänn kee Rot méi.
Zesumme mat de Ponts et Chaussées hunn déi Responsabel vun der Gemeng Schengen d'Entscheedung getraff, de Weekend iwwer Container an Toiletten op d'Wiss laanscht Musel, op der Héicht vu Bech-Maacher ze stellen. De Sonndeg de Moie waren d’Toiletten nach engem ruckelzegen Zoustand. 50 Meter waren ze vill, fir den Dreck an ee vun de Container ze geheien. Et gi Leit, déi souguer Knascht vun Doheem matbréngen, fir en dann an de Container ze geheien.
De Message vu béide Gemengepäpp un d’Leit ass kloer: Dir sidd wëllkomm, ma behuelt Iech!
"Da sollen se, wann se owes heem ginn, hire Knascht mat Heem huelen an do an d'Poubelle maachen oder entsuergen. An net onbedéngt hei", ass den Appell vum Jacques Sitz, Buergermeeschter vu Réimech.