Metal-Band aus Holland feiert 30 JoerAm Gespréich mam Batteur vun der Band "The Gathering"

David Wagner
Déi hollännesch Metal-Band The Gathering huet zejoert ugefaangen eng Serie u Concerten ze ginn, fir den 30 järege Jubiläum vun hirem Breakthrough Album Mandylion ze feieren, deen 1995 erauskomm war.
© David Wagner

Et war den drëtten Album vun der Band, ma den éischte mam Anneke Van Griersbergen hannert dem Mikro.

Nodeems den Album virdrun (Almost A Dance) e klenge Fiasko gi war, well ebe virun allem d’Vocals net gutt ukomm waren, weder bei de Fans, nach an der Press, sollt "Mandylion" d’Band vun allen aneren änleche Bands ofhiewen. Déi méi atmosphäresch, emotional a melodesch Tracks, déi am Géigesaz zum doomege Sound op den Albume virdru stoungen, kombinéiert mam Anneke senger kreativer Fräiheet a senger gefillvoller, matrappender Stëmm, hunn den Album op déi 20. Plaz vun den hollänneschen Charts katapultéiert, a fir vill Héngerhaut bei de Fans gesuergt.

Wuel doduerch ass "Mandylion" bis haut de meeschtverkaaften Album vun den Hollänner. A bei ville Fans ass et och deen Album, deen déi gréisste Plaz am Häerz anhëlt.

Am Kontext vum Jubiläumsconcert den 28. August 2025 zu Nijmegen an Holland, hat den David Wagner d’Geleeënheet mam Drummer a Matgrënner vun der Band, dem Hans Rutten e puer Minutten iwwert de Jubiläum an den Entsteeungsprozess vun deem legendären Album ze schwätzen, doriwwer wéi d’Anneke deemools an d’Band komm ass, wat hir aktuell Pläng sinn a wéi et eventuell nom Jubiläum viru geet:

Den Hans Rutten am Interview mam David Wagner

An der Tëscht goufen nach vill méi Concerten ugekënnegt, dorënner och e Concert an der Rockhal e Méindeg, de 25. Mee 2026.

D'Silje huet d'Band iwwerdeems mëttlerweil verlooss. Ob dat awer elo heescht, dass d'Anneke nees fest dobäi ass oder net, steet nach an de Stären. D'Band selwer huet sech ob alle Fall nach net dozou geäussert.

Méi Infoen an Ticketen ginn et um offizielle Site vun der Rockhal!

Back to Top
CIM LOGO