70. AnniversaireGrousse Gebuertsdagsconcert fir de Gast Waltzing

Ryck Thill
Mat engem ausverkaafte Concert an der Philharmonie stoungen ënnert dem Titel "Gast Waltzing & Guests" international an national Museker mat him op der Bün.
De Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag
Mat engem grousse Concert an der Philharmonie stoungen international an national Museker mat Gast Waltzing op der Bün.

Een Owend ganz am Zeeche vun der Musek – a vun engem Kënschtler, deen d'Lëtzebuerger Kulturzeen zanter Joerzéngte markéiert. Am Grand Auditorium vun der Philharmonie feiert de Gast Waltzing säi 70. Gebuertsdag. Ënnert de Gäscht am Sall waren och d'Grande-Duchesse Maria Teresa, de Premier Luc Frieden an de Kulturminister Eric Thill.

Eigentlech huet de Gast Waltzing eréischt den 13. August Gebuertsdag. Geféiert gouf awer schonn elo am Mee, well den OPL-Orchester am Summer net disponibel gewiescht wier. Esou e Concert wier „dee beschte Gebuertsdagskaddo, deen ee sech selwer maache kann“, esou de Gast Waltzing. „Gast Waltzing & Guests“ ass virun allem ee Réckbléck op eng aussergewéinlech laang Karriär. Zanter bal 64 Joer steet de Lëtzebuerger Museker schonn op der Bün.

Um Programm stoungen Jazz, Filmmusek, symphonesch Arrangementer a Weltmusek – zesumme mat Kënschtlerinnen a Kënschtler, déi seng Karriär markéiert hunn. Eng vun de wichtegste Persounen dobäi: D'Maggie Parke, Sängerin vun der Band Park Café an zanter den 80er Jore seng Fra. Zesumme bedreiwen déi zwee och en eegene Plackelabel an en Tounstudio.

Eng aner staark Fra a senger Karriär ass d'Sängerin Angélique Kidjo. Zesumme mat hir a mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg hat de Gast Waltzing 2016 e Grammy gewonnen. Zu senge méi rezente Projete gehéiert och d'Zesummenaarbecht mam Jazzmuseker Kyle Eastwood, dem Fils vum Clint Eastwood. Zesummen hu si Filmmuseke vu bekannten Eastwood-Filmer nei arrangéiert.

De Concert huet knapp zwou Stonne gedauert a war zanter Wochen ausverkaaft. Fir vill Spectateuren ass et net just e Gebuertsdagsconcert – mee eng Hommage un ee Museker, deen de Lëtzebuerger Jazz och international bekannt gemaach huet.

Back to Top
CIM LOGO