"RED HAVEN" heescht déi nei EP vum TALI. Et si fënnef Lidder drop an et geet an d'Richtung "Alternativ Pop" an R'n'B mat vilenl Jazz-Elementer.
D’TALI schreift seng Lidder selwer an inspiréiert sech ganz staark u sengem eegene Liewen. Dat war schonn de Fall fir d’EP "Wander" bei där hatt vill gereest ass. A "RED HAVEN" geet et ëm d'Gefill vum Ukommen. "Ech hu mech dëst Joer an eng Persoun, déi mir ganz wichteg ass, verléift. Et ass eng ganz déif, erwuessen an laangfristeg Léift. Dat huet mech inspiréiert", erzielt d'Sängerin am RTL-Interview. Et ass domadder och déi éischte Kéier, dass d'TALI iwwerhaapt iwwert d'Thema Léift schreift.

D'Lidd "DCBA", dat fir "Don't Come Back Again" steet, behandelt een anert Thema, dat dem TALI ganz wichteg ass, well et eppes ass, dat hatt selwer betrëfft. Et geet ëm Angschtstéierungen. "Ech wollt et wierklech schreiwen, fir dass Mënschen mat Angschtstéierung sech manner eleng spieren", esou d'Sängerin. "DCBA" wär dat perséinlechst Lidd, dat d'TALI bis elo geschriwwen huet.
An der Rockhal sinn déi nei Lidder virgestallt ginn, zesummen mat enger Partie anere Lidder aus dem TALI sengem Repertoire. D'Sängerin bréngt zanter sechs Joer eege Musek eraus.
D'TALI huet Lëtzebuerg als alleréischt nees um ESC vertrueden, nodeems de Grand-Duhcé 30 Joer laang net méi dobäi war. Dat ass mëttlerweil zwee Joer hier. D'TALI an d'Eva Marija, dat Lëtzebuerg dëst Joer vertrëtt, kennen sech och. "Hatt ass esou talentéiert, ech hunn him vun Ufank un d'Daume gedréckt", erzielt d'TALI, "Mir waren zesummen am Theater. Mir hunn den Hobbit gespillt. D'Eva war de Gollum an ech hunn een Zwerg gespillt."

Déi lescht zwee Joer huet d'TALI selwer verschidde Festivallen a Concerte gespillt, huet an der Philharmonie zesumme mam Orchester gesongen a war fir ënnerschiddlech Projete wéi zum Beispill de "You Can Sing" engagéiert, bei deem jonk Sänger an der Rockhal ee professionelle Gesangstraining kréien, an duerno op der Bün optriede kënne viru Publik. An deene leschten zwee Joer huet d'TALI zousätzlech zwou EPe selwer geschriwwen a rausbruecht.
Elo géif hatt sech wënschen, nees méi kënnen ze reesen an e bëssen zur Rou ze kommen. Do virdru stinn awer nach puer Concerten un, ënner anerem zu Lëtzebuerg an zu Bréissel.