
D'Plaz vun der Grenzkontroll op der A64 bei der "Biewertalbrücke" gëtt an der Nuecht vun e Freideg op Samschdeg komplett ofgebaut. Dofir ass d’Streck tëscht Trier‑Ehrang a Richtung Lëtzebuerg vu 20 Auer un bis 6 Auer Sonndes moies komplett gespaart. D'Verengung vun der Strooss op där Plaz, déi wärend de stationäre Grenzkontrollen do war, ass domat vun e Samschdeg u ganz verschwonnen, an de Verkéier aus Richtung Lëtzebuerg leeft dann och nees wéi gewinnt op zwou Spueren.
D'Kontroll-Plaz op der Grenz tëscht Däitschland an dem Grand-Duché ass schonn zanter dräi Wochen net méi a Betrib, well déi däitsch Bundespolizei op flexibel Kontrollen ëmgestallt huet. Autoe ginn also just nach bei engem Verdacht aus dem Verkéier erausgeholl.
D'Grenzkontrolle stounge jo juristesch ferm ënner Drock: D'Verwaltungsgeriicht Koblenz hat eng Kontroll aus dem Juni 2025 als gesetzeswiddreg agestuuft, well déi däitsch Bundesregierung d'Verlängerung vun de Grenzkontrollen net genuch begrënnt hat.
Mam Ofbau vun de leschte Panneauen an Infrastrukturen wäert d'A64 also elo nees wéi gewinnt komplett op sinn, ouni d'Verengungen, déi soss dacks Stau provozéiert a virun allem Pendler staark betraff hunn.