“Never wavered, never faltered, built this from the ground up. Still here, still true, turn the fuckin’ sound up. Years spent cold but still we spare no pain. Many came to visit, only the true remain”.
Dëst sinn direkt déi éischt Lyrics, déi ee vum Sänger David Masion laanscht d’Ouere geschmass kritt a weisen, dass dës EP e Statement ass. Dëst Joer markéiert nämlech den 10. Anniversaire vun der Lëtzebuerger Hardcore-Formatioun “Blanket Hill”, déi zënter hirer Grënnung kloer fir den Hardcore-Genre hei am Grand-Duché steet. D’Zeen zu Lëtzebuerg ass relativ iwwersiichtlech, geet een iwwert d’Grenz bei eis Nopeschlänner, respektiv an d’USA oder Groussbritannien, mierkt een, wéi present dëse Genre am Moment erëm an ëmmer nach ass.
Virun allem Bands wéi beispillsweis Knocked Loose, Turnstile oder Kublai Khan TX (fir der nëmmen dräi ze nennen) weisen, dass de Genre am Moment sou populär ass, wéi wuel nach ni, well en a sech net méi wierklech exklusiv am Underground schlummert an do vum “Kär” vun de Zeen genoss gëtt. Dass Grammy-Gewënner wéi Knocked Loose oder Turnstile de Genre do deels erausgezunn hunn, ass wuel net ze bestreiden. An dach ass et awer e Genre, deen, sou op alle Fall meng Meenung, muss zu engem Deel am Underground bleiwen, bei de Leit déi dozougehéieren an en opgebaut hunn. Hei lieft an otemt den Hardcore, hei ass en doheem. Den Exkurs an de Mainstream dierft dem Genre awer trotzdeem net schueden, am Contraire.
An sou wiere mer dann och bei “Blanket Hill”, déi, souwuel wat hire Stil betrëfft, wéi och de Spirit, deen ee vir de Genre muss hunn, sech an hirer Community mat dëser EP trei bliwwe sinn. Hir nei EP “When Fire Learns To Speak” verkierpert de Genre gutt, eng EP, déi dem Fan vu “klasseschem” Hardcore natierlech gefält, awer och dem Metal-Fan dierft e Grinsen an d’Gesiicht zauberen.
Wann een nämlech vun Hardcore schwätzt, sou ass et, wéi bei praktesch allen anere Genren och, am Endeffekt just e Label, eng musikalesch Klassifizéierung. Bei Blanket Hill ass et nämlech esou, dass, wéi bei ganz villen aneren “Hardcore/Metalcore"-Bands och, de Stil aus ganz verschiddenen Influenzen zesummegekacht gëtt. Sou kann een am Kär kloer vun Hardcore, respektiv Beat Down Hardcore schwätzen, ma et sinn awer hei ganz vill Elementer aus dem Metal a Punk (aus deem den Hardcore jo initial staamt) ze fannen. Wat an deem Fall eng Plus-Value ass an de Genre opwäert an interessant mécht a bleiwe léisst. Op Metalcore de richtege Begrëff ass, ass ëmstridden, well dëse Begrëff fir eng relativ breet Spann u Genre mëttlerweil “mëssbraucht” gëtt, wat dacks zu Konfusioun féiert.
Dofir: manner Semantik, méi Musek! An hei sief gesot, dass een als Amateur vum Genre mat “When Fire Learns To Speak” verwinnt gëtt, dat schonn eleng duerch déi gutt Produktioun an de “crispe Sound”. De Mix vun den Instrumenter ënnerteneen an de Vocals dobäi ass gutt ofgestëmmt a genee sou, wéi een sech dat vu sou enger Band wënscht.

Der Textpassage “Everything I do is Hardcore, do you understand that..”, déi een an engem Sample héiert, iert dat éischt Lidd “Spare no Pain” iwwerhaapt ugeet, weist relativ direkt, wou d’Rees higeet. Beat Down Hardcore, wéi een sech et wënscht - et brauch een an sech just nach d'2-Step-Schung unzedoen a lasszeleeën. D’Band enttäuscht net, et fillt ee sech direkt bereet, fir an de Pit. An déi ugeschwate metallesch Elementer bei der Band, ginn der ganzer Saach méi Faarf a wäert d’Songstruktur fir mech definitiv op. Ënnert anerem d’Ofwiesselung vun trashegem Metal, passende Gittar-Soloen a knallhaardem Beat Down, deen een nees op de Buedem vun den Tatsaache komme léisst, harmonéiere gutt mateneen.
Ouni Loft ze huele geet et mat “Well Deserved” weider, den dreiwende Beat Down natierlech weiderhin am Gepäck, déi Kéier mat engem Vocal-Feature, dee stëmmlech zu enger neier frëscher Klangfaarf bäidréit, déi och net stéiert, ma komplementar zum Lidd an zum Stil vu “Blanket Hill” passt. En plus gëtt hei och de Crossover-Effekt tëscht Rap a Metal, deen am modernen Hardcore jo keng Raritéit ass, presentéiert. Et deet dem Lidd an dem Verlaf vun der EP op alle Fall gutt. Och hei passt Solo bei den dreiwende Beat vun den Drums an dem wuchtege Bass. De Sänger weess genee wat bei de knallhaarde Breadowns ze maachen ass.
Weider da mat “Cloverleaf”, dat am Verglach zu de Virgänger-Songs däitlech méi Metal-Elementer a virun allem och Punk beinhalt. Gutt ofgestëmmten Harmonien am Zesummespill mat de Gittare ginn dem Lidd eng technesch Déift, déi méi emotional Punk-Elementer ronnen dat ganz awer gutt of. Et schwäift ni ze wäit ewech an et bleift ee sech dem Stil dann dach trei.
Mam leschte Lidd “Sleeper Cell” verbënnt d’Band da virun allem Melodie mat schwéieren dreiwenden an “techy” Hardcore-Elementer. Och d’Vocals sinn hei ongewinnt melodiéis a goufen och gutt ëmgesat, fir dono nees awer richteg dreckeg ze ginn, Gang-Shoutings am Background natierlech inklusiv. Fir mäi Goût, hätt ee roueg kéinten exklusiv op der haarde Schinn bleiwen. Natierlech bréngt d’Melodie Ofwiesslung eran, keng Fro, ma bremst awer och e wéineg of an hätt een, menger Meenung no, kéinten erausloossen. Stéiere mécht et awer net. Hei decidéiert um Enn de Goût an iwwert dee léisst sech jo bekanntlech gutt streiden.
Alles an allem ass “When Fire Learns To Speak” eng EP, déi Fans vum Hardcore a generell vun haarde Musek wäerten ze schätze wëssen. Hei gi keng Grenzen ze vill gesprengt, eppes mat deem een och kengem e Gefale gemaach hätt. Blanket Hill ass sengem haarde Kär trei bliwwen, och wann ee bei dëser EP experimentéiert huet an och praktesch alles gegléckt ass, ass “When Fire Learns To Speak” eng Hardcore-EP, ouni Zweiwel. Ebe Qualitéits-Hardcore Made in Luxembourg. Chapeau.
Release vun der EP ass den 28. Februar am “Hall O” zu Uewerkuer!