
Nëmmen een Dag no engem Abroch owes an engem Musée zu Caboolture an Australien, huet d’Police elo déi Géigestänn erëmfonnt, déi heibäi geklaut goufen. Heibäi handelt et sech ëm Schätz aus der Zäit vun den alen Ägypter.
E Mann vun 52 Joer, deen de Weekend festgeholl gouf, huet beim Abroch eng Mask vun enger Mumie, e wäertvolle Kolli, Bijouen an eng Kaze-Statu aus Holz geklaut a weider Artefakten “irreparabel beschiedegt”, sou de Parquet dem Sender ABC no.

De Verdächtege war an der Nuecht op e Freideg duerch eng ageschloe Fënster an den Abbey-Musée fir Konscht an Archäologie zu Caboolture am Norde vum Land erageklommen. Nëmmen een Dag méi spéit huet d’Police déi deier Wuer bei der Kontroll vum Auto entdeckt. D’Gefier stoung net wäit vun engem Hafe fir Fären.
E Spriecher vum betraffene Musée huet sech “erliichtert an dankbar” gewisen, dass een déi geklaute Géigestänn zeréckkritt. Dës missten elo genee ënersicht ginn, iert se nees kënnen ausgestallt ginn.