En nationaalt Kultur-Ierwen 34. Editioun vun der Välteskiermes zu Boukels

Monique Kater
Antëscht ass d'"Kënnbakstee" als immaterielle Patrimoine vu Lëtzebuerg unerkannt a steet zënter Oktober 2025 um Inventaire.
En nationaalt Kultur-Ierwen: 34. Editioun vun der Välteskiermes zu Boukels
An der tëscht ass d’"Kënnbakstee” als immaterielle Patrimoine vu Lëtzebuerg unerkannt a steet zënter Oktober 2025 um Inventaire.

Boukels feiert säin hellege Vältes mat engem Volleksfest, dat et Enn lescht Joer, wéinst senger “Kënnbakstee”, op d’Lëscht vum nationale Kultur-Ierwe gepackt huet. Dëst Joer war déi 34. Editioun vun der Välteskiermes op déi d’Politiker aus dem Éislek esouguer an engem Net-Waljoer luussen a steeë kommen.

Dass d’Baueren an der Zäit op Vältesdag fir hiert Véi gebiet hunn, weess uewen am Norde jiddwereen. Valentin kënnt aus dem Laténgeschen an heescht iwwersat “dee Staarken, dee Gesonden” a wann dat op d’Schwäin ooffierwt, kann e bësse Bieden net schueden.

Fréier sinn d’Leit der Mass sinn an d’Wiertschaft gaangen, och hei zu Boukels, seet de Marco Wehles, Paschtouer fir de Porverband Uewersauer.

Vun engem Wiert gëtt et hei am Duerf keng Spuer méi, an déi, déi an der Keelt e Glühwäi wollten drénken, hätte besser gehat, éischter aus der Mass erauszegoen: déi 24 Liter ware ruckzuck fort.

Eng 100 Kilo Träipen, an 90 Kilo Paté goufen um Enn verkaf.

No de Ministere vu Landwirtschaft a Kultur huet een haut ëmsoss gesicht. Ugetraff huet een awer de Patrick Dondelinger, dee sech um Terrain fir di wäertvoll Lëtzebuerger Traditiounen asetzt.

An der tëscht ass d’Kënnbakstee als immaterielle Patrimoine vu Lëtzebuerg unerkannt a steet zënter Oktober 2025 um Inventaire.

Dat anert, grousst Stéck Responsabilitéit läit elo bei der Jugend an hirer Loscht, un deem vu Fréier festzehalen. An der Gemeng Géisdref schéngt et do kee Problem ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO