
D’Band selwer huet op Social Media un hire Batteur geduecht an hien als “de léifste Mënsch, dee mir an dësem Liewe kenneléieren duerften”, beschriwwen. Manchester Orchestra huet den Doud vum Tim Very e Samschdeg op de Soziale Medie bekannt ginn. E genee Datum vum Doud vun hirem 42 Joer ale Member a wat d’Ëmstänn waren, ass net bekannt. D’Rock-Band schwätzt an hirem Post op de soziale Medien vun engem “plëtzlechen Doud”.
Och wann de Tim Very net Grënnungsmember vu Manchester Orchestra war, tëscht der Grënnung vun der Band 2004 an 2011 hat d’Grupp véier Batteuren, war hien dee Batteur, deen am Längsten a bis zum Schluss dobäi war.
Hie war 15 Joer laang Member vun der Band an huet bei den dräi leschte Studioalbummen “Cope"(2014), „A Black Mile to the Surface“ (2017) an „The Million Masks of God“ (2021) matgewierkt. Och bei der leschter EP, déi 2023 erauskoum an “The Valley of Vision” heescht, huet hien Batterie gespillt.