E flotte Moment hate ganz bestëmmt vill Leit bei hirer Visitt vum Blues Express zu Déifferdeng. Eleng nëmmen déi historesch Damp-Lokomotiven hunn iwwer 2.000 Visiteure vu Péiteng erop an de Fond-de-Gras transportéiert. D'Minièresbunn war och de ganzen Owend aktiv, fir d'Visiteuren eriwwer op Zowaasch ze feieren. A vun de Bus-Navetten hunn och ganz vill Mënsche profitéiert, fir sech dës 22.Editioun vum Blues Express net entgoen ze loossen.
Ugangs den 2000er Joren ass et de Responsabel vun der Gemeng Déifferdeng an de Kapp komm, fir den Awunner an och de Leit aus der Groussregioun am Summer Concerten unzebidden. Gratis wuel verstanen. Séier gouf d'Iddi a Musek ëmgesat, mam Fokus op de Blues.
Eng 41 verschidde Gruppen hunn op 12 verschiddene Büne Musek gespillt. Tëscht owes 18 Auer, bis moies 1 Auer konnt een danzen, matsangen a mat Frënn a Kolleegen e puer flott Stonnen zesumme verbréngen.
Fir déi jonk Leit soll am Mee d'nächst Joer eppes Neies ugebuede ginn. En DJ Festival organiséiert d'Gemeng Déifferdeng. "Et gëtt näischt esou richteg hei am Kordall fir d'Jugend gemaach", sou de Kulturschäffe vun der Déifferdenger Gemeng, Tom Ulveling um RTL Mikro.
Am CID, der Hal vun den technesche Servicer vun der Gemeng Déifferdeng, gëtt dësen DJ Festival am Mee 2027 organiséiert.