
Et hat sech ugedeit... D'Organisateure vum Ironman zu Réimech hunn e Sonndeg de Moien virum Depart matgedeelt, datt wéinst Bloalgen net an der Musel ka geschwomme ginn. Dat aus Sécherheetsgrënn fir d'Athleten.
Vëlo a Lafen ginn awer wéi geplangt organiséiert. Mä den Depart vun der Course gouf decaléiert op elo 8:25 Auer.
Bloalgen forméiere sech jo bei héijen Temperaturen gären am Waasser a si schiedlech fir Mënschen an Déieren. Bis en Donneschdeg hat sech d'Musel schonn op iwwer 26 Grad opgehëtzt. Duerfir hätten d'Athleten souwisou scho missen ouni Neopren schwammen.
