62 Joer huet de Lenny Kravitz antëscht! An dat héiert een net a gesäit een ëm och absolut net of! Wann hie bis seng Hëfte schwéngt ass et engem als Public bal penibel mat ze danzen, well een net u seng Beweegungen eru kënnt a säi Sexappeal einfach eenzegaarteg ass.
Liederjackett, Sonnebrëll, Elefanten-Jeans – de Lenny Kravitz weess, wéi ee sech viru Public presentéiert a feiert sech och gäre selwer. Mee dat kann een ëm och net iwwel huelen, well hien an och seng ganz Band wëssen, wat se musikalesch kënnen an a wéi wäit se mat hirem Kënnen hire Public iwwerzeegt kréien.
Och wann et bësse gebrauch huet bis hien de Lien zum Publikum gesicht an och fonnt huet, huet dat dem Concert net geschuet. Klassiker wéi "Fly Away", "It Ain't Over 'til It's Over" oder "Are You Gonna Go My Way" hunn dann och kee kal gelooss a fir eng super Ambiance gesuergt.
Nieft der Musek war et virun allem d'Präsenz vum 62 Joer ale Rockstar, déi fir vill Begeeschterung gesuergt huet. Mat sengem markante Look, sengem selbstsécheren Optrëtt an enger natierlecher Ausstralung huet hien de Publikum ouni vill Ustrengung an de Bann gezunn.
Och seng Band huet op héijem Niveau gespillt. Déi präzis Gittaren, de markante Bass an eng staark Rhythmussektioun hunn de Sound gedroen an de Lidder déi néideg Dynamik ginn. Dobäi gouf däitlech, datt de Lenny Kravitz net nëmmen op seng al Hits setzt, mee virun allem op eng Live-Performance, déi vun der éischter bis zur leschter Minutt funktionéiert.
D'Fotografe vun RTL krute refuséiert, fir beim Concert Fotoen ze maachen.