Déidlechst Minnenongléck a China zanter 17 JoerBilan un Doudesaffer no Gasexplosioun klëmmt op 90

AFP, iwwersat vun RTL
Beim déidlechste Minnenongléck zanter 17 Joer a China si bei enger Gasexplosioun 90 Aarbechter ëm d'Liewe komm.

Wéi de chineesesche Staatssender CCTV e Samschdeg de Moie gemellt hat, war d'Zuel un Doudesaffer an der Nuecht spronghaft op 82 geklommen, well sëllege verschott Biergaarbechter no der Gasexplosioun am Liushenyu-Kuelebiergwierk an der nërdlecher Provënz Shanxi net méi liewend konnte gebuerge ginn. Méi spéit huet de chineesesche President den traurege rezente Bilan vun 90 Doudege matgedeelt. D'Sich no Iwwerliewende geet weider.

Zum Zäitpunkt vum Ongléck e Freideg den Owend waren der staatlecher Noriichtenagence Xinhua no 247 Aarbechter an der Kuelegrouf. 157 vun hinne konnten direkt zréck un d'Äerduewerfläch bruecht ginn, ënnert hinnen och véier Doudeger. Déi 90 dout Biergleit waren agespaart, wärend geféierlech Kuelemonoxid-Wäerter gemooss gi waren. Et ass dat déidlecht Minnenongléck a China zanter 17 Joer.

D'Provënz Shanxi ass den Zentrum vun der Kuelefërderung a China. Dat asiatescht Land huet trotz séierem Ausbau vun erneierbaren Energien de gréisste Verbrauch vu Kuele weltwäit. D'Sécherheet a Biergwierker a China huet sech an de leschte Joerzéngte verbessert, obwuel et ëmmer nees zu Accidenter kënnt.

Back to Top
CIM LOGO