D'Sofia Isella am AtelierEng markant Stëmm an e genialen Optrëtt

Claudia Kollwelter
D’US-amerikanesch Kënschtlerin Sofia Isella huet de Public e Freideg den Owend am Atelier beandrockt a bewisen, wisou si aktuell zu enge vun de spannende jonke Stëmmen an der alternativer Pop- an Indie-Zeen gëllt.
© tinygigie for den Atelier

Bekannt gouf déi 21 Joer al Sängerin duerch TikTok, huet sech séier en Numm gemaach a stoung bei Concerte vum Taylor Swift oder Florence and the Machine als Virgrupp op der Bün. Datt d'Sofia Isella Experienz op der Bün a keng Beréierungsängscht mam Public huet, gouf och am Atelier séier kloer. 

D'Atmosphär am Atelier war vun Ufank vum Concert un eng ganz speziell, eng Mëschung aus gespaanter Opmierksamkeet a kompletter Begeeschterung. An dat louch kloer un der aussergewéinlecher Präsenz vun der Sängerin an enger Stëmm, déi ënnert d’Haut geet.

© tinygigie for den Atelier

Tëscht Gei, Piano, Gittar an aneren akusteschen Elementer huet d’Sofia Isella mat enger bemierkenswäerter Liichtegkeet gewiesselt an dobäi ni d’Verbindung mam Public verluer. Dës musikalesch Villsäitegkeet huet dem Concert eng authentesch an handgemaachen Dimensioun ginn, déi de Sall komplett an hire Bann gezunn huet.

A verschiddene Momenter huet hir atmosphäresch Aart och un d'Billie Eilish erënnert, besonnesch duerch déi fein Nuancen an der Stëmm, déi melancholesch Stëmmung an déi intensiv Emotionalitéit, déi trotz vill Rou eng grouss Wierkung entwéckelt huet. Gläichzäiteg ass Sofia Isella awer hirer eegener artistescher Identitéit trei bliwwen an huet dem Public eng ganz perséinlech an authentesch Performance gebueden. Déi markant Stëmm vun der jonker Sängerin koum live nach bal méi zum Ausdrock, wéi op hire Studioopnamen. 

Besonnesch beandrockend war d'Authentizitéit vum Optrëtt. Ouni grouss Effekter, mee mat vill Gefill an enger staarker Verbindung zum Public huet d’Sofia Isella bewisen, wéi vill Déift an Einfachheet leie kann.

© tinygigie for den Atelier

D’Sofia Isella huet mat hiren eréischt 21 Joer sécherlech nach eng grouss Karriär viru sech an d'Leit, déi e Freideg am Atelier am Publikum waren, kënne sech warscheinlech zu de Glécklechen zielen, déi d'Kënschtlerin nach an engem klengen an intime Kader konnten erliewen. 

Back to Top
CIM LOGO