Kuerz virum Start zu WienD'Kënschtler vum ESC 2026 weise sech um turquoisen Teppech

RTL Lëtzebuerg
Fir d' Kënschtler ass et déi lescht grouss Geleeënheet, nach eemol Opmierksamkeet ze kréien, Fotoen ze maachen an vill Interviewen ze ginn.
D'Kënschtler vum ESC 2026 weise sech um turquoisen Teppech
Ronn zéngdausend Fans waren um Rathausplaz mat dobäi an hu gesinn, wéi d' Kandidaten een nom aneren defiléiert sinn.

Begleet goufen déi am ganze 35 Delegatioune vun engem klasseschen Orchester, deen ëmmer nees Lidder aus de verschiddene Länner gespillt huet. D'Arrivée war beim Wiener Rathaus. Fir Lëtzebuerg gouf et, kloer, de Feierwon als musikalesch Representatioun.

Och d'Lëtzebuerger Kandidatin huet sech dee Moment net huele gelooss

D'Eva Maria huet den Ament richteg genoss a sech vill Zäit fir d'Fans an d'Press geholl, et ass schliisslech en eemolegt Erliefnis: "It was crazy, also all of them cheering, and so much love was really felt on the air. People were saying, oh, mother nature, mother nature, everybody, and I was like, oh my goodness, they know who I am, this is crazy."

Beim Eurovision Song Contest gëtt et traditionell jo kee rouden Teppech, mee en turquoisen Teppech. Ma änlech wéi um nach méi bekannte rouden Teppech, ass et och déi Plaz, wou extravagant a speziell Outfits vun de Kandidate gedroen a gewise ginn.

Kuerz virum Start zu Wien
Fir d' Kënschtler ass et déi lescht grouss Geleeënheet, nach eemol Opmierksamkeet ze kréien, Fotoen ze maachen an vill Interviewen ze ginn.

Dozou de Jeff Spielmann vun der Lëtzebuerger Delegatioun: "Bei eis ass et an deem Sënn eng Erausfuerderung, well d'Eva natierlech op seng Perséinlechkeet haaptsächlech zentréiert ass. Mir hunn de Virdeel vun der Gei, déi et och mathëlt. Mee domadder spillt et heiansdo an domadder hu mer och bal e 'unique selling point'."

Groussen Undrang an der éisträichescher Haaptstad

Ronn zéngdausend Fans waren um Rathausplaz mat dobäi an hu gesinn, wéi d' Kandidaten een nom aneren defiléiert sinn, och beim RTL-Mikro sinn se stoe bliwwen. Ënnert anerem déii franséisch Sängerin Monroe ass mat 17 Joer déi jéngst Kandidatin an zielt och zu de Favoritten dëst Joer: "C 'est, c 'est un rêve. C 'est incroyable. C 'est incroyable d' être avec tout le monde, avec toutes les équipes, les autres contestants et le public surtout, ça se réalise là."

RTL hat sech dann och eng speziell Aktioun iwwerluecht, mat vill Glitzer,... ze gesinn op eisem Eurovision-Instagram Account.

D' Eva Maria huet op alle Fall nach eemol alles ginn, fir Promo fir Lëtzebuerg ze maachen. En Donneschdeg musse Lëtzebuerg et an d'Top 10 packen, fir dann e Samschdeg an der grousser Finall dierfen ze stoen.

Back to Top
CIM LOGO