Orientalesch Kläng vermësche sech mat elektronesche Beats, et ass kuerz virun 21 Auer an nach ëmmer ronn 25 Grad Celsius waarm. Mat The Mountain, dem Titelsong vum neien Album, maache Gorillaz d'Ouverture vun hirem Concert zu Lëtzebuerg.
Wärend de Sänger Damon Albarn mat senger Live-Band op der Bün steet, iwwerhuelen op risegen LED-Ecrane virop déi véier Cartoon-Figuren 2-D, Murdoc, Noodle a Russel d’Haaptroll. Déi animéiert Videoclippe flimmeren ouni Ënnerbriechung. Et ass genee dës Mëschung vu Musek mat Fiktioun, déi Gorillaz zanter iwwer 25 Joer eenzegaarteg mécht.
Den Damon Albarn spillt vill mat de bekannte Mikro-Effekter. Seng Stëmm kléngt mol glaskloer, mol mat Echoen an elektronescher Verzerrung, de bekannte Gorillaz-Sound eben.
Mam éischte Klassiker19-2000 klëmmt d'Stëmmung eng éischte Kéier. Wärend dem Song geet den Damon Albarn erof vun der Bün bei seng Fans. Gëtt Autogrammer an hëlt sech e bëssen Zäit fir seng Fans. Och beim Lidd Andromeda kënnt hien nach eng Kéier bis bei déi éischt Reien.

Obwuel d’Klassiker natierlech net feelen, ass de Concert alles anescht ewéi nëmmen eng Rees duerch d’Vergaangenheet. Mat Orange County, Casablanca, Delirium an The Shadowy Light kritt den neien Album The Mountain vill Plaz.
Et ass 22:07 Auer. D’Sonn ass bal ganz verschwonnen. Kids With Guns an Dirty Harry stinn um Programm an um Schluss vum Concert kënnt déi markant Bassline op déi jidderee gewaart huet: Feel Good Inc.
Direkt duerno kënnt e weidere grousse Klassiker. Den Damon Albarn spillt mat der Melodica a spillt déi legendär Melodie, déi de Song Clint Eastwood zanter Joerzéngten ausmécht.

Berufflech sinn ech méi reegelméisseg op Concerten ënnerwee. Mee als Jugendlechen hunn ech Gorillaz immens vill gelauschtert a Clint Eastwood war eent vun deene Lidder, dat ëmmer nees gelaf ass. Wéi den Damon Albarn d'Melodie mat der Melodica ugespillt huet, war et genee dee Moment, déi éischte Kéier, wéi ech de Song live héieren. An ech muss soen: ech sinn net enttäuscht ginn.
