
De presuméierten Abriecher hat hei versicht, duerch eng Fënster an d'Wunneng ze kommen, gouf allerdéngs vum Resident dobäi erwëscht an ass doropshi geflücht. Hie konnt kuerz duerno vun enger Policepatrull gestallt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.
E Samschdeg de Moien dann en Iwwerfall an engem Parkhaus an de Rives de Clausen. D'Affer gouf éischten Informatiounen no mat Pefferspray attackéiert a krut vum Ugräifer den Handy a Boergeld geklaut. Beamte vun der Police konnten de presuméierten Täter untreffen an hunn dëse verfollegt an och gepëtzt. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter