
Fir eisen Interview gesi mer eis op engem gliddegen Dag wärend enger Hëtztwell. Wärend et dobausse gutt an déi 30 Grad sinn, invitéiert den Josh Island eis a säi Proufraum an enger Scheier zu Bartreng. Et ass schéi kill an de Geroch vu Botte läit an der Loft. Hei léisst et sech aushalen - a virun allem och gutt fir déi vill Concerte prouwen, déi iwwert de Summer ustinn. D'Musek ass nämlech och e bëssen eng saisonal Aarbecht, wéi de Singer-Songwriter aus Lëtzebuergeis erkläert. Grad dëse Summer sti fir den Josh Island, deen am Mäerz säin zweeten Album erausbruecht huet, vill Live-Concerten un.
Op der Bün fillt den 28 Joer ale Museker sech am wuelsten, an op der Bün huet och alles säin Ufank fonnt. Den Josh Island, dee mam biergerlechem Numm Josh Oudendijk heescht a mat 10 Joer mat senger hollännescher Famill op Lëtzebuerg koum, hat säin éischte Bünenoptrëtt am Kader vun der Screaming Fields-Competitioun an der Rockhal. D'Competitioun vu Rocklab, déi dofir do ass, jonke Museker ee Start an d'Branche ze ginn, gëtt et bis haut. Eng sëllege Lëtzebuerger Bands an Interpreten hunn hei schonn hiren Ufank fonnt, dorënner d'Eva Marija, Francis of Delirium, Tuys oder och nach C'est Karma. Den Josh Island erënnert sech nach gutt un den Dag:
"Den Optrëtt war zimmlech witzeg. Et war am Rockhal-Club am Juni 2015 an et gouf zoufälleg ausgeloust, wie wéini géif spillen. A si hu mäin Numm tëscht zwou Metal-Bands gezunn, an ech war einfach just een eenzele Folk-Songwriter. [...] Mee ech mengen, dat war déi perfekte Plaz fir mech, well dowéinst gouf et ee grousse Kontrast tëscht de Performer." Deen Owend huet de jonke Museker vill Leit kennegeléiert an do wier de Ball dann och an d'Rulle komm. Hien huet e puer Präisser gewonnen an dat huet dozou gefouert, datt hien de Summer drop nach op e puer anere Festivallen zu Lëtzebuerg konnt spillen.
Ma esou zoufälleg, wéi dat elo alles kléngt, war et a Wierklechkeet net, erkläert eis den Josh Island. Wie sech an der Musekswelt een Numm wëll maachen, dee muss och dru schaffen. Dreem vun enger éischter Welttournée mat Ufank 20 si fir den Josh Island séier verflunn, wéi hie gemierkt huet, datt et an der Museksbranche eeben net just drëm geet, gutt Musek ze maachen. Als Solo-Kënschtler um Ufank vu senger Karriär huet hie sech selwer un de Mann an d'Fra misse bréngen - seng Fan-Base opbauen, Concerte fir sech selwer am In- an Ausland organiséieren. "Et ass e richtege Privileeg, Kënschtler ze sinn, ma et ass och haart Aarbecht."
"Ech konnt keng 20 Tickete fir iergendeppes verkafen, emol net zu Lëtzebuerg. Also hunn ech ugefaangen, mäin eegenen Agent ze sinn", erkläert den Josh Island. Hien huet no Plazen am Ausland gesicht, wou hie kéint optrieden, an huet sech esou seng eege kleng Touren zesummegestallt. "Ech maachen dat nach ëmmer. Ech hunn nach ëmmer keen Agent an Däitschland, mee ech hunn ee Publikum an all Stad, an där ech bis ewell gespillt hunn. [...] Ech hunn ugefaangen ze mierken, datt Live ze spillen an dësem digitalen Zäitalter nach ëmmer onheemlech wichteg ass. Et ass déi eenzeg Aart a Weis, wéi Leit och am richtege Liewen zu Fans ginn."
D'Musek ass antëscht dem Josh Island säi Vollzäitjob - woubäi nieft Optrëtter an der Kreatioun vun neier Musek och vill Zäit an dat Administratiivt erageet. Datt dee ganze Package, deen d'Museker leeschten, zu Lëtzebuerg méi unerkannt gëtt, dofir setzt sech d'"Famil" zanter kuerzem an. D'Fédération des Musicien(ne)s Interprètes au Luxembourg gouf d'lescht Joer gegrënnt an och den Josh Island ass an der Organisatioun aktiv.
Zu Lëtzebuerg géif et vill Ënnerstëtzung fir de Kulturberäich ginn, ma fir just vun der Musek ze liewen, wier nach ëmmer schwéier. D'Famil probéiert den Ament, eng Rechnungsbasis opzestellen, fir de Wäert vun engem Optrëtt méi genee ze bezifferen a bléckt dobäi och an d'Ausland. "Et ass ganz interessant ze gesinn, well de Wäert tatsächlech vill méi héich ass wéi dat, wat mir selwer schätzen. Gläichzäiteg ass et och vill méi héich wéi dat, wat verschidde Plazen a Festivallen an Organisateure bezuele wëllen. Villäicht schéisse mir eis hei selwer an de Fouss, well mir eisen eegene Wäert net erkennen." D'Kënschtler géifen et schwéier fannen, ee Präisschëld un hir Konscht ze hänken, dat géif et schwéier maachen, zu Lëtzebuerg ee stabilt Liewen ze féieren an net ëmmer rëm ënnert de Mindestloun ze falen.
Ma och wann d'Finanzen heiansdo e bësse prekär sinn — et gëtt net vill Beruffer, an deenen een esou vill ka gesinn an erliewen. Den Opening act fir den James Morrison oder d'Katie Melua an der Rockhal ze sinn, waren e puer vum Josh Island sengen Highlights. Och Festivallen an der Tierkei oder op Zypern ze spillen, waren exzeptionell Erliefnesser. Fir säin neisten Album huet hie vill Zäit a Griicheland verbruecht, wat sech och a sengem Lidd "Artemis" erëmspigelt. Ma och zu Lissabon huet de Kënschtler scho Lidder opgeholl, an dat an engem ganz besonnesche Kader. "Ech hunn déi Zäit vill Weltmusek gelauschtert, vill Fado. Ech hu Sara Tavares gelauschtert, eng groussaarteg kapverdianesch Singer-Songwriterin. Wou ech a Portugal war, fir vill vu menger Musek opzehuelen, hunn ech mat ville Museker zesummegeschafft, déi och mat hir kollaboréiert haten."
Anescht wéi beim Fado, steet am Josh Island senger Musek allerdéngs net d'Melancholie am Mëttelpunkt, mee den Optimismus. "Ech sangen iwwer d'Gefill, iwwerfuerdert ze sinn, meng eegen Hürden, mee et ass letztendlech ëmmer optimistesch. Et geet ëm Motivatioun, ëm Glawen a sech selwer, an ëm Courage. Ech si vu Reesen an ënnerschiddleche Plazen inspiréiert, dovunner, nei Leit kennenzeléieren. Ech sangen iwwer d'Gefill, enzwousch hin ze gehéieren. Ech wëll de Leit hir Perspektiven opmaachen an hinnen ee Gefill vu Courage matginn. Dat sinn d'Theemen, déi ech probéieren, a meng Musek mat eran ze bréngen."
D'Lidder fir säin zweeten Album "Imaginary Borders" ze schreiwen, ze arrangéieren, opzehuelen an erauszebréngen huet ronn zwee Joer gedauert a war vill Aarbecht. Dofir freet sech den Josh Island nieft senge Live-Optrëtter am Summer, wéi zum Beispill op der Fête de la Musique leschte Weekend, och dorop, endlech emol nees e bëssen z'entspanen a Kreativitéit ze tanken. "Ech mengen, elo no mengen zweeten Album kann ech mer et erlaben, e bëssen ze ootmen."
Den Josh Island seet, hie kéint sech net virstellen, eppes aneres ze maachen. "Do ass en Drang, een Drive. Ech mengen, ech hu meng Plaz fonnt, och wann et heiansdo schwéier ass."