Et ass eng kollektiv Aarbecht, déi d'Méckenheck-Ekipp elo scho fir déi zweete Kéier op d'Been gestallt huet. D'Kënschtlerinnen Anouk Kieffer, Yvette Rischette an Anne-Marie Grimler hu sech mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Réiser zesummegesat, fir zu Bierchem an der Rue Méckenheck déi sougenannte Méckenheck-Expo ze organiséieren.
Esou laang wéi dat alt Bauerenhaus, dat d'Gemeng virun e puer Joer gesteet huet, eidel steet, dierf sech de Grupp reegelméisseg hei nidder loossen an Ausstellungen organiséieren. No 2024 ass et elo fir déi zweete Kéier, ma villäicht och fir d'lescht, dass dës Ausstellung zu Bierchem ofgehale gëtt. D'Gemeng huet nämlech e Projet geplangt, fir deen d'Haus an noer Zukunft Jonken zur Verfügung gestallt soll ginn. Esou wäit ass et awer nach net a bis dohi kann een nach déi zweet Editioun vun der Expo "Méckenheck" gesinn.
Ronn 70 Kënschtlerinnen a Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, egal ob nei oder scho méi erfueren, kruten d'Méiglechkeet, hir Konscht hei ze presentéieren. Et ass eng eenzegaarteg Kuliss, an där d'Konschtwierker ausgestallt ginn.
Déi eenzel Artisten haten d'Fräiheet, d'Raim aus dem Haus esou ze gestalten, wéi si wëllen. Esou huet d'Anouk Kieffer zum Beispill säi Raum an eng thailännesch Oas verwandelt, déi d'Leit duerch Planzen a Fotoe mat an hir lescht Rees an Thailand entféiert.
Och an der Scheier, der Garage, engem annexéierten Appartement an engem Gaart kann een d'Konscht an all hire Facetten erliewen. Vu Molerei iwwer Fotografie, Installatiounen a Skulpture gëtt et villes ze entdecken. Wann een also bis laanscht kënnt, soll ee genuch Zäit matbréngen.
Wat bei dëser zweeter Editioun vun der Expo "Méckenheck" nei ass, ass dass d'Ekipp elo dat ganzt Haus zur Verfügung gestallt krut a bis op de Späicher an all Zëmmer Konscht weisen dierf. Dofir gouf sech ee besonnesche Projet iwwerluecht, bei deem zwee Kënschtler dat komplett Trapenhaus eenheetlech bemoolt hunn. Esou leeft e roude Fuedem duerch d'Expo, deen déi eenzel Raim matenee verbënnt.
Ausserdeem gëtt et dës Kéier och eng Initiativ, fir déi all d'Kënschtlerinnen a Kënschtler aus der Expo ee Mini-Konschtwierk an hirem Stil kreéiere konnten, dat fir 200 Euro verkaf an den Erléis un e gudden Zweck gespent gëtt. D'ONG "Solidaresch Hëllef Réiserbann" mécht um Enn vun der Ausstellung en Don un de Projet "Rio Blanquito a besoin d'eau", fir an engem Duerf am Nordweste vun Argentinien d'Wasserversuergung ze restauréieren.
Déi komplett Expo "Méckenheck" ass ëmmer vu freides bis sonndes zu Bierchem op a leeft nach bis den 12. Juli. Um leschten Dag kritt een ausserdeem e Kreativ-Maart am Gaart ze entdecken.